News

Toutes les actualités

Dames: Transferts Saison 2024/2025

Donneschdes, den 18. Juli 2024 ass et mat der Präparatioun lassgaang fir d'Saison 2024/2025. Mir sinn frou iech hei eis aktuell Transfert'en firzestellen déi ab dëser Saison fir den SC ELL wärten spillen.

Nei beim SC ELL:

Sadine Correia, 32 Joer, Ofwier, kënnt vum SC Beetebuerg

Sheila Hoja, 36 Joer, Goalkeeper, kënnt vum FC Mamer 32

Farina Kabirzada, 14 Joer, Mëttelfeld, kënnt vum FC Arel (B)

Armonie Coeckelbergh, 14 Joer, Goalkeeper, kënnt vun der US Waltzing (B)

Marta Folgado Matos, 19 Joer, Mëttelfeld, kënnt vum SC Beetebuerg

Carolina Correia, 24 Joer, Ofwier, kënnt vun der AS Wëntger

Cristina Da Costa Teixeira, 26 Joer, Mëttelfeld, kënnt vun der AS Wëntger

Alexandra Ribeiro Novais, 15 Joer, Mëttelfeld, kënnt vum FC Atert Bissen

Charlie Bouvy, 14 Joer, Mëttelfeld, kënnt vum RUS Etalle (B)

Et kommen allerdings och nach Spillerinnen (Lilly Magnani, Eva Da Silva Fernandes, Yara Fernandes Da Costa, Leni Schmitz, Beatriz Rego Faria, Laura Sousa Rodrigues, Beatriz Teixeira Carvalho) vun eise Jeunes Filles rop bei d'Dammen, déi ab lo an eis zwou Dammenekippen respektiv an eis Cadettes integréiert ginn.

Mir wënschen jidderengem ee gudde Start an virun allem eng wonnerbar Zäit zu Ell.

Trainer vun eiser éischter Ekipp vun den Dammen bleiwt de Paul Wilwerding. Co-Trainer a Goalkeepestrainer ass d'Samiah Poiré. De Louis de Roeck bleiwt Trainer vun der zweeter Dammenekipp, dat mat Hëllef vum Kilian Persoons.

Verlooss hunn eis:

Andreia Faria Dos Santos, FC Swift Hesper

-> Merci fir den Asaz an d'Zäit beim SC ELL a vill Gléck um weidere Wee.

Op eisem Internetsite, souwéi och op FuPa fannt dir d'Fotoen vun den neie Spillerinnen souwéi och d'Matcher déi ustinn.

Op eng erfollegräich a positiv Saison. ALLEZ SC ELL.

Seniors: Transferts Saison 2024/2025

Méindes, den 8. Juli 2024 ass et mat der Präparatioun lassgaang fir d'Saison 2024/2025. Mir sinn frou iech hei eis aktuell Transfert'en firzestellen déi ab dëser Saison fir den SC ELL wärten spillen.

Nei beim SC ELL:

Ailton Baldé, 30 Joer, Ugrëff, kënnt vum FC Vinesca Éinen

Nicola Steffen, 23 Joer, Mëttelfeld, kënnt vum FC Sporting Mäerzeg

Matthieu Carvalho Dos Santos, 25 Joer, Mëttelfeld, kënnt vum FC Vinesca Éinen

Federico Colavitti, 21 Joer, Mëttelfeld, kënnt vum FC Kielen

Joé Berends, 18 Joer, Ofwier, kënnt vun der US Rammerech

Yvan Oliveiro Carvalho, 23 Joer, Mëttelfeld, kënnt vum FC Minerva Lëntgen

Patrick Lourenço Magalhaes, 27 Joer, Mëttelfeld, kënnt vun der US Foulscht

Charel Schockmel, 15 Joer, Mëttelfeld, kënnt vum FC Préizerdaul/Réiden

Dann sinn mir nach frou iech matzedeelen dass de Cedric Schreiner (nei Lizenz), souwéi de Fynn Hemmer a Leo Weis (eege Jugend) eis verstäerken. Mir wënschen jidderengem ee gudde Start an virun allem eng wonnerbar Zäit zu Ell.

Neien Trainer ass de Guillaume Lecomte, deen d'Ekipp am Abrëll dëst Joer als Interim iwwerholl huet an ab lo definitiv Trainer ass, säin neie Co-Trainer ass de Raphaël Smit. De Chris Reckel ass weiderhin Trainer vun der zweeter Ekipp.

Verlooss hunn eis:

Jair Lopes Rocha, FC Kiischpelt Wëlwerwolz

Jeff Thilmany, US Rammerech

Frederic Tavares Mendes, FC Jeunesse Useldéng

Diogo Alves Costa, FC Brouch

Youri Caetano Delgado, FC Racing Heischent-Eschduerf

-> Merci fir den Asaz an d'Zäit beim SC ELL a vill Gléck um weidere Wee.

Op eisem Internetsite, souwéi och op FuPa fannt dir d'Fotoen vun den neie Spiller souwéi och d'Matcher déi ustinn.

Op eng erfollegräich a positiv Saison. ALLEZ SC ELL.