Ce site utilise des cookies qui peuvent être utilisés pour analyser les visites sur ce site internet. En acceptant ce message, vous vous déclarez d'accord sur le fait que ce site utilise ces cookies.
Samschdes Mëttes, de 27. Januar 2024, waren eis Dammen an der Finale vum Indoor Dames am Asaz. Zu Diddeléng an der Sportshal huet den SC ELL géint d'Ekippen Young Boys Diekirch, Swift Hesperange, Ent. Wormeldange/Munsbach/CSG, SC Bettemburg an Jeunesse Junglinster gespillt. Nodeems eis Meedercher d'Finale 2023 konnte fir sech entscheeden ass et dëst Joer just fir eng drëtt Plaz duergaang. De Swift Hesper gëtt dëst Joer Champion vum Indoor Dames, Félicitatioun dofir. Eis Meedercher hunn d'Matcher géint Dikrech a Beetebuerg gewonn, géint Wuermer/Mënsbech/CSG an Hesper verluer a géint Jonglënster gläichgespillt. Duerch den direkte Vergläich sinn eis Meedercher um Enn Drëtten an der Tabell an net Zweeten. Et war eng flott a gutt organiséiert Editioun 2024.
Hei sinn d'Resultater an der Iwwersiicht:
14h00: Swift Hesperange 1 - 0 Jeunesse Junglinster
Sonndes Mëttes, de 14. Januar 2024, waren eis Dammen am 2. Tour vum Indoor Dames am Asaz. Um Bridel an der Sportshal huet den SC ELL géint d'Ekippen Young Boys Diekirch, Ent. Region Moselle, FC Mamer 32 an Orania Vianden gespillt. Als Tabellenéischten qualifizéieren sech eis Meedercher fir d'Finale. Och d'Young Boys Dikrech stinn an der Finale. D'Finale gëtt Samschdes, de 27. Januar 2024 zu Diddeléng gespillt. Kënnen eis Meedercher den Indoor Championstitel verteidegen?
Hei sinn d'Resultater an der Iwwersiicht:
14h00: Ent. Région Moselle 0 - 3 FC Mamer 32
14h20: Orania Vianden 0 - 1 Young Boys Diekirch
14h40: FC Mamer 32 0 - 2SC ELL
But(s): Emy Raty, Andreia Faria Dos Santos
15h00: Orania Vianden 1 - 0 Ent. Région Moselle
15h20: Young Boys Diekirch 1 - 5SC ELL
But(s): Johanna Koenig (2x), Barbara Serra, Joyce Schuler, Rose Schmitz
15h40: FC Mamer 32 4 - 0 Orania Vianden
16h00:SC ELL6 - 1 Ent. Région Moselle
But(s): Emy Raty (3x), Barbara Serra (2x), Soria Sassel
16h20: Young Boys Diekirch 2 - 2 FC Mamer 32
16h40:SC ELL5 - 0 Orania Vianden
But(s): Emy Raty (2x), Barbara Serra, Andreia Faria Dos Santos, Rose Schmitz
17h00: Ent. Région Moselle 0 - 7 Young Boys Diekirch
Samschdes, den 17. Dezember 2023 waren eis Dammen am 1. Tour vum Indoor Dames am Asaz. Zu Gréiwemaacher an der Sportshal huet den SC ELL géint d'Ekippen Entente Wormeldange/Munsbach/CSG, Entente Itzig/Aspelt, CS Fola Esch-Alzette, Racing Troisvièrges an Orania Vianden gespillt.
Als Tabellenéischten an der Grupp B qualifizéieren eis Meedercher sech fir den 2. Tour, deen den 13. oder de 14. Januar 2024 gespillt gëtt. Och d'Ekippen Entente Wormeldange/Munsbach/CSG, CS Fola Esch-Alzette an Orania Vianden sinn een Tour weider.