Supporterclub

Supporter Club

1993 hu sech e puer trei Memberen vum SC ELL d’Fro gestallt op et eng gutt Iddi wier e Supporterclub ze grënnen fir den SC ELL nach besser ënnerstëtzen ze kënnen. Natierlech war dëst eng gutt Iddi an esou gouf am Juli 1993 eng Grënnungsversammlung aberuff. Dës Versammlung gouf, a wei hätt et och aneschters solle sinn, beim Margot gehalen. De Supporterclub „Allez Ell“ gouf gegrënnt an nee, d’Margot war net Presidentin.

Den éischte President vum Supporterclub war de Roger Schoujean, de fréiere President vum SC Ell. Hie gouf vu fréiere Comitésmemberen a fréiere Spiller vum SC Ell, awer och vun neie Leit aus dem Duerf, ënnerstëtzt.

Den éischte Comité huet sech, niewent dem Roger Schoujean (President), aus dem Vic Crochet (Vize-President), dem Pier Schwalen (Sekretär), dem Jeannot Gasparet (Caissier), dem Felix Greisch (Member), dem René Wilwerding (Member) an dem Jängi Kemmer (Member) zesummegesat.

Leider ass haut kee Grënnungsmember méi am Comité. De Pier Schwalen huet am Joer 2013, no 20 Joer Comité an dorënner 10 Joer als President, als leschte Grënnungsmember seng wuel verdéngt Pensioun ugetrueden.

D’Haaptaufgab vum Supporterclub ass et fir wärend de Matcher d’Buvette zemaachen, d’Spiller unzefeieren an den SC Ell, mat Hëllef vun de Recetten, finanziell z’ënnerstëtzen. Zanter elo schonn 28 Joer suergt de Supporterclub wärend de Matcher vum SC Ell fir d’Wuel vun de Supporter sou datt keen hongereg oder duuschtereg heem goe muss.

28 Joer ass eng laang Zäit wärend där sech vill entwéckelt huet. Deen éischte Match, wou de Supporterclub d’Buvette gemaach huet, goufen d’Supporter aus engem nëmme 5m2 grousse Raum eraus zerwéiert. Haut geet dee Raum mol net méi duer fir déi eidel Këschten dran ze stellen. An och deemools gouf dee Raum séier ze kleng.

Am Joer 1997 hu sech dofir e puer motivéiert Membere vum Supporterclub zesumme mat der Gemeng un d’Wierk gemaach fir d’Buvette ze vergréisseren. An esou ass dann déi haut genannt „al Buvette“ entstanen.

Wann een de Pier haut freet wat him aus senger Zäit am Supporterclub besonnesch an Erënnerung bliwwen ass dann äntwert hien direkt: „Dat war d'Saison 2004/2005“. An dëser spezieller Saison ass den SC Ell sensationell bis an d'Véierelsfinall vun der Coupe de Luxembourg komm an um Enn vun der Saison fir d’éischt Kéier an d'1 Divisioun gestigen. Et war eng aussergewéinlech Saison mat ville Supporter an enger onmoosseger Euphorie am ganzen Duerf. De Pier ka sech nach ganz genee un de Match vun der Véierelsfinall géint Cebra erënneren. Et waren iwwer 600 Supporter um Eller Terrain. D’Leit an der Buvette hate keng Zäit fir de Match ze kucken an hu keen ee Goal gesinn, well se wärend dem Match 4-mol Béier nokafe waren an de ganze Match mam Kapp am Frigo gestach hunn. Dës Aventure vum SC Ell wäert net nëmmen dem Pier nach gutt an Erënnerung sinn.

Am selwechte Joer, nämlech 2005, ass den SC Ell dann och ëm eng Equipe méi grouss ginn. Nieft den Häre koum dann och eng Dammenequipe derbäi. Et gouf ëmmer méi Aarbecht fir de Supporterclub mee keen huet sech beschwéiert. Mat vill Freed huet de Supporterclub ëmmer säi Bescht gemaach fir de Supporter all Match eppes ze drénken an z’iessen unzebidden an den SC Ell, op Hären oder Damen, z’ënnerstëtzen.

2017 war dann och ee ganzt speziellt Joer fir de Supporterclub. Mat de Vestiairen ass dann och eng nei Buvette op den Terrain zu Ell komm. De 17. Oktober 2017 gouf dësen neie Komplex ageweit an déi nei Buvette ass offiziell opgaangen. Op deem Dag huet de Supporterclub derfir gesuergt datt et deenen iwwer 400 Supporteren un näischt gefeelt huet.

Op eemol gouf et zu Ell um Terrain 2 Buvetten. „Wat ee Luxus“ hu mir eis geduecht an hunn decidéiert einfach déi 2 Buvetten ze benotzen. Bei mëttlerweil 7 Equippen an iwwer 100 Matcher d’Joer um Eller Terrain géif jo och nëmmen eng Buvette guer net méi duergoen. Dofir hu mir déi „al Buvette“ am Joer 2019 och komplett renovéiert fir datt mir déi och nach vill Jore benotze kënnen.

D’Membere vum Supporterclub freeë sech op déi nächst 50 Joer an deene mir den SC Ell mat vill Begeeschterung a Motivatioun weider ënnerstëtze wäerten. Mir wäerten weiderhin eist Bescht ginn an och wa mol eng Kéier eppes net esou sollt klappen, eppes kënnen mir iech verspriechen: De Béier wäert äis an der Buvette ni ausgoen.

Heimat seet de Supporterclub dann och all senge Memberen an deene Leit Merci déi an deene leschten 28 Joer d’Buvette gemaach oder soss gehollef hunn an domat derfir gesuergt hunn datt d’Supporter, och wann et da mol eng Kéier net sou e gudde Match war, op d’mannst vum Gedrénks an Iessen um Eller Terrain ni enttäuscht waren.

---------------

Geschriwwe vum Chris Reckel an Zesummenaarbechtmam Grënnungsmember Pier Schwalen

fir de Comité vum Supporterclub „Allez Ell“

---------------

Kim Müller (President), Chris Reckel (Caissier), Jean-Claude Kemmer (Secrétaire), Mandy Antony (Member), Tanja Gilson (Member)

 

Aktuell Situatioun:

Kim Müller (President)

GSM: +352 691 791 410

Buvette

Tél.: +352 23 629 901

Actualités extra-sportives

Resultater vum 27.05.2023

FILLETTES

12. Championnatsmatch

Samschdes, de 27. Mee 2023 um 09h30 zu Nidderfeelen (Terrain In Bertzent, synth.)

Ent. Feulen/Grevels/Heiderscheid/Mertzig 14 - 0 SC ELL

 

DAMES I

Frëndschaftsmatch

Samschdes, de 27. Mee 2023 um 16h30 zu Jonglënster (Terrain 2, synth.)

Jeunesse Junglinster 4 - 0 SC ELL

Programm vum 27.05.2023

FILLETTES

12. Championnatsmatch

Samschdes, de 27. Mee 2023 um 09h30 zu Nidderfeelen (Terrain In Bertzent, synth.)

Ent. Feulen/Grevels/Heiderscheid/Mertzig - SC ELL

 

DAMES I

Frëndschaftsmatch

Samschdes, de 27. Mee 2023 um 16h30 zu Jonglënster (Terrain 2, synth.)

Jeunesse Junglinster - SC ELL

 

Bonne Chance un all eis Ekippen!