Ce site utilise des cookies qui peuvent être utilisés pour analyser les visites sur ce site internet. En acceptant ce message, vous vous déclarez d'accord sur le fait que ce site utilise ces cookies.
Um Enn vun der Saison 2021/2022 stinn eis Männer mat 27 Punkten op der 11. Plaz an der Tabell. Vu 26 Matcher hunn sie 8 Matcher gewonn, 3 Matcher glaichgespillt a 15 Matcher verluer an dat mat engem Goalverhältnis vun 44:78 (-34). Di meescht Goaler fir eis Farwen hunn de Joe Frisch (15) an de Kevin Brosius (9) geschoss.
Den FC Préizerdall/Réiden an d'AS Colmer-Bierg steigen an d'1.Divisioun. D'AS Wëntger an d'US Foulscht spillen Barragematch fir den Opstig. Den FC Pärel steigt an d'3.Divisioun of an den FC Biekerech spillt Barragematch fir net ofzesteigen.
No laanger Zait am Veraïn, hält de Mike Brimmeyer op. Souwuel als Trainer vun der éischter an der zweeter Ekipp wéi och als Co-Trainer mee virun allem och als Mënsch wärt de Mike eis immens fehlen. Villmols merci fir déng Arbecht, dain Engagement an déng positiv Art a Weis. Den SC ELL wënscht dir nemmen dat Bescht fir d'Zukunft.
Eis Männer wäerten ab der Réckronn vun der Saison 2021/2022 vum José Monteiro trainéiert ginn.
De José Monteiro huet 36 Joer an war Spiller bei der US Esch, beim FC Luerenzweiler, beim FC Käerch an déi lescht 11 Joer bei der US Béiwen/Atert. Hei war hien déi éischt 7 Joer als Spiller an déi lescht 4 Joer als Trainer aktiv, souwuel an der 2. Divisioun wéi och an der 1. Divisioun.
Co-Trainer wäert den Edmundo Dos Santos sinn. Den Edmundo huet 42 Joer an war och mam José zu Béiwen. Sie sinn also een agespillten Team an wäerten och zu Ell weider zesummen schaffen.
Trainer José Monteiro a Co-Trainer Edmundo Dos Santos:
De José an den Edmundo si Freides, den 3. Dezember 2021 offiziell vum Veräin virgestallt ginn an si hunn Méindes de 6. Dezember 2021 mam Training ugefaangen.
De Mike Brimmeyer, deen den Interim bis de Wanter vun eiser éischter Ekipp iwwerholl huet, bleift weiderhin am Trainerstaff a betreit an der Réckronn nees eis zweet Ekipp. Mir soen dem Mike villmools Merci fir säin Asaz, säin Engagement an seng gutt Aarbecht. De Mike huet alt rëm bewisen, dass hien net sech, mee de Veräin an de Virdergrond stellt. Bravo !
Den Dave De Bruyn, deen eis Seniors Réserves an der Hironn trainéiert huet, verléisst de Veräin a Richtung Jugend vum FC Jeunesse Useldéng. Leider war et des Saison net einfach, éischtens duerch déi aktuell Situatioun mam Covid-19 an zweetens duerch vill Verletzungen mee den Dave huet all Woch dat Bescht aus de Jongen an aus der Ekipp gemaach. Merci Dave fir déng Aarbecht a bonne Chance op dengem neie Wee.
Eisen Trainerstaff fir d'Réckronn gesäit sou aus:
José Monteiro (Trainer Seniors)
Edmundo Dos Santos (Co-Trainer Seniors)
Mike Brimmeyer (Trainer Seniors Réserves)
Pol May (Goalkeeper-Trainer)
Mathieu Marenne (Préparateur physique)
Pit Wiltgen (Kiné)
De Comité vum SC ELL wënscht dem neien Trainerstaff vill Spaß, vill Gléck a vill Succès. Op eng erfollegräich Réckronn 2021/2022.
No enger Präparatioun déi net ideal gelaf as an no den zwee éischte Championnatsmatcher ouni Punkten, huet de Comité vum Sporting Club Ell sech vum Trainer Stany Saudmont getrennt. D'Trennung huet allerdings naischt mat der daitlecher Défaite am Derby géint den FC Préizerdall/Réiden ze din.
No 2 Championnatsmatcher stin eis Männer nach ouni Punkten mat engem schlechte Goalverhältnis op der leschter Plaatz.
Bis een Nofolger fonnt gin as, iwwerhuelen de Mike Brimmeyer (dee Co-Trainer vum Stany war) an den Dave De Bruyn (Trainer vun de Seniors Réserves).
Mir wënschen dem Mike an dem Dave vill Gléck a vill Spaß an dem Stany Saudmont alles Guddes fir d'Zukunft.