Calendrier

Seniors 2


Seniors 2 News

NEIEN TRAINER SENIORS RESERVES

Mir si frou iech eisen neien Trainer firzestellen. Fir d'Saison 2022/2023 wärt de Chris Reckel eis zweet Ekipp iwwerhuelen.
 
Nodeems mir een Trainer gesicht hunn well de Mike Brimmeyer no laanger Zait opgehal huet (nach eng Kéier merci Mike fir déng Arbecht all déi Joeren) huet de Chris gesot heen willt eis zweet Ekipp trainéieren. De Comité war direkt iwwerzeegt dass de Chris dee Richtegen ass. Keen aner kennt d'Jongen besser a keen aner kritt d'Jongen sou motivéiert wéi de Chris. Gëschter Owend haat de Chris ee klengt Gespréich mam José, dem Trainer vun der éischter Ekipp. Sie hunn sech iwwert d'Arbecht ausgetosch an wärten an Zukunft zesummen schaffen. E Méinden wärt dem Chris sain Job mam éischten Training lassgoen.
 
Merci Chris, vill Spaß a vill Gléck bei dénger neier Aufgab!:-)