Ce site utilise des cookies qui peuvent être utilisés pour analyser les visites sur ce site internet. En acceptant ce message, vous vous déclarez d'accord sur le fait que ce site utilise ces cookies.
Sonndes, de 5. Februar 2023 hunn eis Meedercher an der Finale vum Indoor Jeunes Filles zu Steesel géint d'Ekippen FC Mamer 32, Young Boys Diekirch, Ent. Hosingen/Norden/Bastendorf, FC Kehlen an UN Kaerjeng 97 gespillt. Eng Woch no eisen Dammen maachen eis Jeunes Filles et genau d'selwecht a gewannen den Indoor Jeunes Filles 2023. Just de Match géint den FC Kehlen hunn eis Meedercher gläich gespillt, déi aner Matcher konnte sie alleguer gewannen.
RESPEKT MEEDERCHER, RESPEKT TRAINER.
Hei sinn d'Resultater an der Iwwersiicht:
14h00: FC Mamer 32 2 - 1 Young Boys Diekirch
14h15: Ent. Hosingen/Norden/Bastendorf 0 - 1 FC Kehlen
14h30: SC ELL3 - 1 UN Kaerjeng
Goaler: Lilly Magnani (3x)
14h45: FC Mamer 32 4 - 0 Ent. Hosingen/Norden/Bastendorf
15h00: Young Boys Diekirch 0 - 3SC ELL
Goaler: Lilly Magnani (3x)
15h15: FC Kehlen 1 - 1 UN Kaerjeng
15h30: SC ELL3 - 2 FC Mamer 32
Goaler: Lilly Magnani (2x), Mara Posing
15h45: Young Boys Diekirch 0 - 4 FC Kehlen
16h00: UN Kaerjeng 1 - 0 Ent. Hosingen/Norden/Bastendorf
Sonndes, den 22. Januar 2023 waren eis Jeunes Filles am 2. Tour vum Indoor Jeunes Filles am Asaz. Zu Esch-Uelzecht an der Sportshal huet den SC ELL géint d'Ekippen Jeunesse Junglinster, FC Kehlen, UN Kaerjeng 97, US Rumelange an CS Fola Esch-Alzette. Als Tabellenzweeten qualifizéieren eis Meedercher sech fir d'Finale déi de 4. oder de 5. Februar 2023 gespillt gëtt. Eng ganz gutt Leeschtung, mat just engem Géigegoal, an dat an der Hal. Respekt Meedercher. Och den FC Kehlen an d'UN Kaerjeng 97 qualifizéieren sech fir d'Finale.
Sonndes, de 4. Dezember 2022 waren eis Jeunes Filles am 1. Tour vum Indoor Jeunes Filles am Asaz. Zu Housen an der Sportshal huet den SC ELL géint d'Ekippen Ent. Housen/Norden/Bastenduerf, FC Kehlen, Atert Bissen a Blo-Wäiss Izeg gespillt. Als Tabellendrëtten qualifizéiert den SC ELL sech fir den 2. Tour. Och d'Ekippen FC Kehlen an d'Entente Housen/Norden/Bastenduerf sinn eng Ronn weider. Den 2. Tour gëtt den 21. oder den 22. Januar 2023 gespillt.