SC Ell News

  • scell.lu
  • Barragematch zu Ell (03/06/2025) (D1/D2)

Barragematch zu Ell (03/06/2025) (D1/D2)

par Philippe Jaaques

BARRAGEMATCH zu Ell

En Dënschden den Owend spillen d’Alliance Aïschdall Hobscheid-Eischen an d’Green Boys 77 Harel-Tarchamps géintenee fir sech fir nächst Saison eng Plaz an der 1. Divisioun ze sécheren. Fir de Spektakel um a ronderëm den Terrain suergen déi zwou Ekippe mat hire Supporter, fir Iessen a Gedrénks souwéi d’Sécherheet an d’Parkméiglechkeeten suergt de Sporting Club Ell.

De Match gëtt en Dënschden den Owend, den 3. Juni 2025, um 19:30 Auer zu Ell um Terrain “um Essig" ugepaff.

Kuerz zu der Parkingssituatioun : Op der Arelerstrooss ass et verbueden ze parken. D’Parkplaze bei der Buvette si reservéiert fir d’Arbitteren, d’Presse, PMR a Responsabeler vun der FLF. All déi aner Leit fanne Plaz op eisem Parking nieft dem Fussballsterrain an der Wiss. De Parking ass ausgeschëldert.

Op ee gudde Barragematch…

Retour