Effectif

Seniors 1 - Effectif


Seniors 1 News

Seniors: Transferts Saison 2024/2025

Méindes, den 8. Juli 2024 ass et mat der Präparatioun lassgaang fir d'Saison 2024/2025. Mir sinn frou iech hei eis aktuell Transfert'en firzestellen déi ab dëser Saison fir den SC ELL wärten spillen.

Nei beim SC ELL:

Ailton Baldé, 30 Joer, Ugrëff, kënnt vum FC Vinesca Éinen

Nicola Steffen, 23 Joer, Mëttelfeld, kënnt vum FC Sporting Mäerzeg

Matthieu Carvalho Dos Santos, 25 Joer, Mëttelfeld, kënnt vum FC Vinesca Éinen

Federico Colavitti, 21 Joer, Mëttelfeld, kënnt vum FC Kielen

Joé Berends, 18 Joer, Ofwier, kënnt vun der US Rammerech

Yvan Oliveiro Carvalho, 23 Joer, Mëttelfeld, kënnt vum FC Minerva Lëntgen

Patrick Lourenço Magalhaes, 27 Joer, Mëttelfeld, kënnt vun der US Foulscht

Charel Schockmel, 15 Joer, Mëttelfeld, kënnt vum FC Préizerdaul/Réiden

Dann sinn mir nach frou iech matzedeelen dass de Cedric Schreiner (nei Lizenz), souwéi de Fynn Hemmer a Leo Weis (eege Jugend) eis verstäerken. Mir wënschen jidderengem ee gudde Start an virun allem eng wonnerbar Zäit zu Ell.

Neien Trainer ass de Guillaume Lecomte, deen d'Ekipp am Abrëll dëst Joer als Interim iwwerholl huet an ab lo definitiv Trainer ass, säin neie Co-Trainer ass de Raphaël Smit. De Chris Reckel ass weiderhin Trainer vun der zweeter Ekipp.

Verlooss hunn eis:

Jair Lopes Rocha, FC Kiischpelt Wëlwerwolz

Jeff Thilmany, US Rammerech

Frederic Tavares Mendes, FC Jeunesse Useldéng

Diogo Alves Costa, FC Brouch

Youri Caetano Delgado, FC Racing Heischent-Eschduerf

-> Merci fir den Asaz an d'Zäit beim SC ELL a vill Gléck um weidere Wee.

Op eisem Internetsite, souwéi och op FuPa fannt dir d'Fotoen vun den neie Spiller souwéi och d'Matcher déi ustinn.

Op eng erfollegräich a positiv Saison. ALLEZ SC ELL.