Ce site utilise des cookies qui peuvent être utilisés pour analyser les visites sur ce site internet. En acceptant ce message, vous vous déclarez d'accord sur le fait que ce site utilise ces cookies.
Sonndes, den 29. Januar 2023, hunn eis Meedercher an der Finale vum Indoor Dames zu Nidderkuer an der Sportshal géint d'Ekippen Ent. Differdange/Luna, Jeunesse Junglinster, Swift Hesperange, FC Mamer 32 an Young Boys Diekirch gespillt. Just de Match géint d'Ent. Differdange/Luna hunn eis Meedercher verluer a gewannen domat den Indoor Dames 2023!
Samschdes, de 14. Januar 2023 waren eis Dammen am 2. Tour vum Indoor Dames am Asaz. Zu Dikrech an der Sportshal huet den SC ELL géint d'Ekippen Ent. Hosingen/Norden, Young Boys Diekirch, Ent. Merl/Bertrange an AS Rupensia Lusitanos Larochette gespillt. Als Tabellenzweeten qualifizéieren eis Meedercher sech fir d'Finale, déi den 28. oder 29. Januar 2023 gespill gëtt. Als Tabellenéischten sinn och d'Young Boys Dikrech aus eiser Grupp an der Finale. Aus den aner Gruppen qualifizéieren sech de Swift Hesper, den FC Mamer 32, d'Jeunesse Jonglënster an d'Entente Déifferdeng/Luna fir d'Finale.
Hei sinn d'Resultater an der Iwwersiicht:
09h00: Ent. Hosingen/Norden 0 - 1 Young Boys Diekirch
09h20:SC ELL 3 - 1 Ent. Merl/Bertrange
Goaler: Andreia Faria Dos Santos, Lisa Kneip, Tatiana Araujo Pacheco
09h40: Young Boys Diekirch 1 - 0 AS Rupensia Lusitanos Larochette
10h00:SC ELL2 - 0 Ent. Hosingen/Norden
Goaler: Johanna Koenig (2x)
10h20: Ent. Merl/Bertrange 1 - 4 AS Rupensia Lusitanos Larochette
10h40: Young Boys Diekirch 1 - 0SC ELL
11h00: AS Rupensia Lusitanos Larochette 2 - 1 Ent. Hosingen/Norden
11h20: Ent. Merl/Bertrange 0 - 3 Young Boys Diekirch
11h40: AS Rupensia Lusitanos Larochette 0 - 4SC ELL
Goaler: Johanna Koenig (2x), Andreia Faria Dos Santos, Lisa Dumont
Samschdes, den 10. Dezember 2022 waren eis Dammen am 1. Tour vum Indoor Dames am Asaz. Zu Suessem an der Sportshal huet den SC ELL géint d'Ekippen Ent. Déifferdeng/Luna, UN Käerjeng 97, Ent. Märel/Bartréng, US Rëmeléng an CS Suessem gespillt. Als Tabellenéischten qualifizéieren eis Meedercher sech fir den 2. Tour, deen de 14. oder de 15. Januar 2023 gespillt gëtt. Och d'Ekippen Ent. Déifferdeng/Luna, d'UN Käerjeng an d'Entente Märel/Bartréng sinn een Tour weider. D'US Rëmeleng ass net ugetrueden.
Hei sinn d'Resultater an der Iwwersiicht:
14h00: CS Sanem 0 - 1 Ent. Differdange/Luna
14h15: UN Käerjeng 97 3 - 0 US Rumelange
14h30:SC ELL4 - 1 Ent. Merl/Bertrange
Goaler: Johanna Koenig (2x), Andreia Faria Dos Santos, Mara Ventura
14h45: CS Sanem 0 - 2 UN Käerjeng 97
15h00: Ent. Differdange/Luna 1 - 3SC ELL
Goaler: Johanna Koenig, Melanie Marques, Mara Ventura
15h15: US Rumelange 0 - 3 Ent. Merl/Bertrange
15h30:SC ELL2 - 1 CS Sanem
Goaler: Andreia Faria Dos Santos, Tatiana Araujo Pacheco