News

Toutes les actualités

FINALE CHAMPIONNAT CADETTES & JEUNES FILLES 2024

E Sonnden (09.06.2024) op Mammendag sinn d'Finale vum Championnat vun de Cadettes a vun de Jeunes Filles gespillt ginn. Den SC ELL war dëst Joer an deenen zwou Kategorien vertrueden. Duerch eng éischt Tabelleplaz am 1.Tour vum Championnat hunn eis Cadettes d'Finale géint de Gewënner vum 2.Tour (FC Mamer 32) an eis Jeunes Filles als Gewënner vum 2.Tour d'Finale géint de Gewënner vum 1.Tour (RFCUL) gespillt.
No 2019 huelen eis Cadettes den zweeten Championstitel duerch eng 2-1 Victoire géint den FC Mamer 32. D'Goaler fir Ell hunn d'Joyce Schuler an d'Emy Raty geschoss. Féliciatioun un d'Meedercher an un de Staff????????????
Eis Jeunes Filles verléieren 4-5 am Elefmeterschéisse géint de Racing FC Union Luxembourg. No zweemol 30 Minutten stung et 1-1. De Goal fir Ell huet d'Lilly Magnani geschoss.
Mir sinn immens houfreg dëst Joer mat eise Meedercher (Dames, Cadettes, Jeunes Filles) an 3 Finale vertruede gewiecht ze sinn.
SUPER SC ELL????

Tombola Oldies Night 2024

Mëttwochs, den 8. Mee 2024 war eis traditionell Oldies Night zu Ell am Centre Camille Ney.

Hei sinn d'Gewënner vun der Tombola:

1. Präis 100€ 281
2. Präis 50€ 068
3. Präis 25€ 615
4. Präis 20€ 520
5. Präis 15€ 927

D'Gewënner solle sech um 621 141 406 mellen.

Programm vum 09.06.2024

JEUNES FILLES I

Finale Championnat

Sonndes, den 9. Juni 2024 um 15h00 zu Habscht (Stade Koericherberg)

Racing FC Union Luxembourg - SC ELL

 

CADETTES

Finale Championnat

Sonndes, den 9. Juni 2024 um 17h00 zu Habscht (Stade Koericherberg)

SC ELL - FC Mamer 32

 

Bonne Chance un all eis Ekippen.