SC Ell News

Tirages du 14/09/2021

par Philippe Jaaques

Haut um Dënschden (14. September 2021) sin déi verschidde Matcher vun der Coupe de Luxembourg, Coupe FLF, Coupe des Dames a Coupe Futsal ausgeloust gin.

Well mir just nach an der Coupe FLF vertrueden sin, as och do deen eenzege Match mat Bedeelegung vum SC ELL gezu gin.

Mëttwochs, den 13. Oktober 2021 treffen eis Seniors 1 zu ELL op d'US Moutfort-Medingen aus dem 2. Beziirk vun der 2. Divisioun.

Hei nach eng Kéier d'Iwwersiicht vun de Matcher déi virdrun gespillt gi sin:

An der Coupe FLF waren eis Seniors 1 am Tour préliminaire spillfraï. Am 1. Tour spillen mir wéi uewen geschriwwen géint d'US Moutfort-Medingen.

An der Coupe de Luxembourg waren eis Seniors 1 am Tour préliminaire spillfräi. Am 1. Tour as de Match am Elefmeterschéissen géint d'US Rammerech mat 5-6 verluer gaang. No 90 an no 120 Minutten stung et 3-3.

An der Coupe des Dames hun eis Meedercher am Tour préliminaire mat 1-4 féint den FC Jeunesse Jonglënster de Kierzeren gezunn.

Iwwersiicht vun de Matcher

Retour