SC Ell News

  • scell.lu
  • Tirage des Coupes du 09/08/2022

Tirage des Coupes du 09/08/2022

par Philippe Jaaques

Geschter um Dënschden, den 9 August 2022 sinn um Sëtz vun der FLF zu Monnerech den Tour préliminaire an den 1. Tour vun den eenzelne Coupen ausgeloust gin:

- Loterie Nationale Coupe de Luxembourg – tour préliminaire + Loterie Nationale Coupe de Luxembourg – 1er tour

Am tour préliminaire vun der Coupe de Luxembourg sinn eis Männer spillfraï. Am 1. Tour spillen mir Sonndes den 11 September 2022 géint den FC Syra Mensdorf aus der 1.Divisioun 2.Beziirk. De Match gëtt zu Ell gespillt.

- Coupe FLF – tour préliminaire

Am tour préliminaire vun der Coupe FLF sinn eis Männer spillfraï. Den 1. Tour ass do allerdings nach net ausgeloust.

- Coupe des Dames – tour préliminaire

Am Tour préliminaire vun der Coupe des Dames spillen eis Meedercher Samschdes den 10 September 2022 géint den FC Red Black Egalité 07 Pfaffenthal-Weimerskirch aus der 1.Divisioun. Géint den Opsteiger wärten eis Meedercher och am Championnat spillen. De Match gëtt am Paffendall gespillt.

- Coupe des Seniors Réserves - tour préliminaire

Am Tour préliminaire vun der Coupe des Seniors Réserves spillen eis Männer Freides den 9 September 2022 géint eis Noperen vum FC Biekerech. De Match gëtt zu Biekerech gespillt.

Uewen kënnt dir déi komplett Auslousung vu geschter als PDF roflueden. D'Matcher sin am Kalenner agedro. Vill Gléck fir all eis Ekippen.

Retour