SC Ell News

  • scell.lu
  • Silvesterlaf Rammerech & Réidener Wanterlaf

Silvesterlaf Rammerech & Réidener Wanterlaf

par Philippe Jaaques

Léiw Memberen, Supporter a Frënn vum SC ELL, wéi och déi Joren virdrun participéiert den SC ELL um Silvesterlaf an um Wanterlaf.

--------------------

39. Silvesterlaf - Samschdes, den 31. Dezember 2022 zu Rammerech:

All Leit déi interesséiert sinn ënnert dem Numm vum SC ELL ze starten sollen sech beim Alain Even mellen. Den SC ELL iwerhëllt och nees d'Umeldungskäschten fir all Participant deen eng Lizenz, Memberskaart oder Supporterkaart vum SC ELL huet, sech ënnert dem SC ELL aschreift an ënnert de Faarwen vum SC ELL matleeft.

De Silvesterlaf gëtt zu Rammerech gelaf an den Depart ass um 15h00. Et sinn 10 km an et geet mol méi mol manner biergop biergof. Hei ass ëmmer eng super Ambiance op der Streck, a virun allem nieft der Streck.

Fir dëse Laf, wiere mir dankbar wann dir Iech bis spéitstens Sonndes, den 18. Dezember 2022 beim Alain Even mellt, entweder per Telefon um 661 170 572 oder per E-Mail: evenal@pt.lu

Weider Informatiounen fannt dir op www.sylvesterlaf.lu

--------------------

Réidener Wanterlaf - Sonndes, den 8. Januar 2023 zu Réiden un der Atert:

De Wanterlaf geet zu Réiden beim Atert-Lycée fort. Hei ginn et dëst Joer 4 Distanzen (Parcours) déi ee lafen oder walken kann: 6, 10, 14 oder 19km!

Den Depart fir de Walking ass Moies um 08h45 an den Depart fir de Running ass Moies um 10h00.

Den SC ELL mëscht heimat säi järlechen soziale Beitrag an bezilt all Participant, deen eng Lizenz, Memberskaart oder Supporterkaart vum SC ELL huet, sech ënnert dem SC ELL aschreift an ënnert de Faarwen vum SC ELL matleeft, d'Startgeld. Mir sollen och dëst Joer nees zesummen ee schéine Sonnden Moien mat Kolleegen, Frënn a Famill zu Réiden verbréngen an dofir gëllt och nees ... mellt Iech un!!!

Fir dëse Laf, wiere mir frou wann dir Iech bis spéitstens Sonndes, den 18. Dezember 2022 beim Mandy Antony géift umellen um 621 385 327 oder per E-Mail: mandy.antony@yahoo.com

Weider Informatiounen fannt dir op: http://www.4runner.lu

!!! Ze soë bleiwt: All Spiller a Spillerin vum SC ELL muss um Wanterlaf derbei sinn, ob lafen oder walken !!!

Retour