SC Ell News

  • scell.lu
  • Séance Académique 15.10.2021 - 50 Joer SC ELL

Séance Académique 15.10.2021 - 50 Joer SC ELL

par Philippe Jaaques

De Sporting Club ELL feiert seng 50 Joer

De Sporting Club ass de 9. Mee 1971 gegrënnt ginn a feiert 2021 seng 50 Joer. E Freideg, de 15. Oktober 2021, hat de Kommitee vum 50ten Anniversaire op d’Séance Académique an de Centre Camille Ney op Ell agelueden. Vill Prominenz war present, ënner anerem, d’Norddeputéiert, André Bauler, Aly Kaes a Jeff Engelen. D’Federatioun vum Fussball war vertrueden duerch hire President de Paul Philipp, Dr. Henri Mausen, Tun Di Bari, Nico Schockmel an Erny Decker. Di zwee Eller Éierebuergermeeschteren, Robert Roder a Jos Thill, respektiv den aktuelle Buergermeeschter Armand Schuh, assistéiert vu sengem ganze Schäffen- a Gemengerot waren present. Present waren och d’Vertrieder vun den Nopeschveräiner esou wéi ganz vill Léit vum Jubilar.

Op engem besonnesch ofwiesslungsräichen Owend, deen vum Edy Graf beschtens moderéiert gouf, hu verschidde Riedner hir Verbonnenheet zum Eller Fussball zum Ausdrock bruecht.

De Präsident vum Kommitee vu "50 Joer SCELL", de Camille Godelet huet den Eller Fussball an all sengen Etappen duergestallt. Och huet hien et nitt verpasst fir der Gemeng Ell, der FLF, de Sponsoren, de Spiller, den Traineren, de Leit aus dem Kommitee an alle Memberen e grousse Merci auszespriechen. Dräi Grënnungsmemberen vum SCELL, de Jos Nothum, den Alex an den Albert Even ware present. Si kruten e kräftegen Applaus vum ganze Sall. Uschléissend ass un di verstuerwe Leit aus dem Veräin geduecht ginn.

De Präsident vun der FLF, de Paul Philipp, huet an senger Ried dem SC ELL seng Gléckwënsch ausgeschwat an ass op déi geleeschten Aarbecht vum Veräin vum Eller Fussball agaangen. Zum Schluss vu senger Ried huet hien dem SCELL all Guddes fir d’Zukunft gewënscht.

Den Henri Rasqué huet uschléissend an enger Power-Point Präsentatioun déi 50 Joer SCELL ausféierlech beliicht. All Aspekter vum Fussball goufen am Detail duergestallt. Vill Héichpunkten a schéin Momenter vun deenen 50 Joer SC ELL goufen Revue passéieren gelooss, ugefaange bei deen 3 Veräiner vun 1920, 1939 a 1946 - déi nëmmen eng kuerz Liewensdauer haten - bis haut.

No dëser schéiner Presentatioun war et dunn um heitige Präsident, Jean-Michel Wahl, fir alle Leit Merci ze soen, déi wärend deene 50 Joer villes geleescht hunn. Weider ass hien an senger Ried op de Benevolat agaangen an huet ënnerstrach dass et ëmmer méi schwiereg gëtt "benevole Leit" ze fannen fir déi ufalend Aarbechten an de Veräiner ze bewältegen.

De Buergermeeschter vun der Eller Gemeng, den Armand Schuh huet zum Schluss di ausgezeechent Renommee vum Veräin ervirgehuewen an dem Jubilar fir d’Zukunft nëmmen dat Bescht gewënscht. Uschléissend huet hien op den Éierewäin, offréiert vun der Gemeng ELL invitéiert.

Bei dëser Geleeënheet gouf och eng wonnerbar an bëssi méi speziell Ausstellung am Sall iwwert den Eller Fussball exemplaresch presentéiert. D’Festbuch vum Eller Fussball - mat iwwer 600 Säiten - wäert Mëtt November rauskommen.

Eis Ausstellung, déi op zwou Säiten am Centre Camille Ney opgestallt ginn ass, fir déi 50 Joer Revue passéieren ze loossen, kënnt dir nächste Weekend nach eng Kéier bewonneren kommen:
 
Samschdes, den 23.Oktober vu 14h00 - 16h00
Sonndes, de 24.Oktober vun 10h00 - 13h00
 
VIVE DEN SC ELL
Fotoen vum Owend a vun der Ausstellung fannt dir an der Galerie Photos

Retour