SC Ell News

  • scell.lu
  • Scheck pour le Foyer Lannejhang, le 11.03.2022

Scheck pour le Foyer Lannejhang, le 11.03.2022

par Philippe Jaaques

De Sporting Club ELL huet dem  « Foyer Lannejhang -Solidarité Jeunes » vu Réiden e Scheck vun 2.000 € iwwereecht.

De Sporting Club Ell deen d’lescht Joer seng 50 Joer (1971-2021) gefeiert huet, hat an deem Kader eng gutt Aktioun lancéiert an zwar mam Verkaf vun engem gudde Crémant, deen d’Etikett vum Jubilar gedroen huet. Ronn 1500 Fläschen konnten esou am Laf vum Joer 2021 ënnert d’Leit bruecht ginn an e gudden Deel vum Erléis gouf fir de « Foyer Lannejhang - Solidarité Jeunes » vu Réiden zréckbehalen.

Den 11. Mäerz 2022 huet den Organisatiounscomité « 50 Joer SCELL » duerch hire President de Camille Godelet e Scheck vun 2.000 € un d’Carole Becker, Responsabel vum Foyer Lannejhang vu Réiden iwwerreeche gelooss. Och ware present d’Hären Paul Kauff, Direkter Solidarité Jeunes an de Kim Braz, Educateur, souwéi eng Rei Bewunner vum Foyer vu Réiden. Mat engem grousse Merci hunn si de Scheck vun 2.000 € gären ugeholl, an erkläert, dass d’Ziel vun hirem Foyer doranner besteet, Jugendlecher vun 9 - 18 Joer, déi aus méi schwierege  Familljeverhältnisser kommen, weiderhin ze ënnerstëtzen an si op hiert spéidert Liewen virbereeden.

Camille Godelet

Retour