SC Ell News

  • scell.lu
  • S2: De Spillplang fir d'Saison 2023/2024 ass raus!

S2: De Spillplang fir d'Saison 2023/2024 ass raus!

par Philippe Jaaques

Gëschter Mëtten huet d'FLF den offizielle Spillplang vun de Seniors Réserves rausbruecht. Nom Ofstiig spillen eis Seniors Réserves an der Saison 2023/2024 an der 4.Division (Série 2).

Des Saison spillen eis Seniors Réserves géint folgend Ekippen:

Jeunesse Schieren, AS Wincrange I, FC 72 Erpeldange I, US Boevange-Attert, US Feulen, FC Bastendorf 47 II, Atert Bissen, Jeunesse Gilsdorf, AS Colmarberg, Daring Echternach, Jeunesse Useldange

Den éischte Championnatsmatch vun der neier Saison spillen eis Männer Freides, den 1 September 2023 doheem géint den FC Les Ardoisiers Perlé. De Weekend drop ass Coupe des Seniors Réserves wou mir den FC Progrès Nidderkuer (4.Divisioun) op Besuch hunn. Dann kënnt den éischten Auswiertsmatch, Freides de 15. September 2023 um 20h00 bei eise Kollegen vum FC Biekerech.

Um Enn vun der Saison steigt den Tabellenéischten vun all Série an déi zwee bescht Tabellenzweeten an d'3.Divisioun.

 

D'Matcher sinn an eisem Kalenner agedro, deen dir lo op den Handy oder Tablet rofluede kënnt.

Retour