SC Ell News

  • scell.lu
  • S2: Spillplang vun der 3.Divisioun 2022/2023

S2: Spillplang vun der 3.Divisioun 2022/2023

par Philippe Jaaques

Haut um Mëttwoch, 17 August 2022, huet d'FLF de Spillplang vun den Divisiounen bekannt ginn. Nom Ofstiig spillen eis Seniors Réserves an der Saison 2022/2023 an der 3.Division (Série 1).

Den éischte Championnatsmatch vun der neier Saison spillen eis Männer Freides, den 2 September 2022 doheem géint den FC Daring Iechternach. Den éischten Auswiertsmatch ass eng Woch drop, Freides de 16 September 2022 zu Colmer géint d'AS Colmerbierg. De leschte Match vun der Hironn ass Freides den 2 Dezember 2022 zu Useldéng géint den FC Jeunesse Useldéng. D'Réckronn starten eis Männer Freides de 24 Februar 2023 mat engem Heemmatch géint d'AS Colmerbierg. De leschte Championnatsmatch vun der Saison 2022/2023 ass Freides den 19 Mee 2023 zu Iechternach.

Des Saison spillen eis Seniors Réserves géint folgend Ekippen:

Jeunesse Schieren, AS Wincrange I, FC 72 Erpeldange I, US Boevange-Attert, US Feulen, FC Bastendorf 47 II, Atert Bissen, Jeunesse Gilsdorf, AS Colmarberg, Daring Echternach, Jeunesse Useldange

D'Matcher sinn an eisem Kalenner agedro, deen dir lo op den Handy oder Tablet rofluede kënnt.

Retour