SC Ell News

  • scell.lu
  • S1: Spillplang vun der 2.Divisioun 2022/2023

S1: Spillplang vun der 2.Divisioun 2022/2023

par Philippe Jaaques

Haut um Mëttwoch, 20 Juli 2022, huet d'FLF de Spillplang vun den Divisiounen bekannt ginn. Wéi och déi Joere virdrun spillt de Sporting Club Ell an der Saison 2022/2023 am 1.Beziirk vun der 2.Divisioun.

Den éischte Championnatsmatch vun der neier Saison spillen eis Männer Sonndes, den 28 August 2022 auswierts beim Opsteiger FC Olympia Chrëschtnech-Waldbëlleg. Den éischten Heemmatch ass eng Woch drop, Sonndes de 4 September 2022 géint d'US Reisduerf. De leschte Match vun der Hironn ass Sonndes de 4 Dezember zu Ell géint den Ofsteiger US Béiwen-Atert. D'Réckronn starten eis Männer de 26 Februar 2023 zu Reisduerf. De leschte Championnatsmatch vun der Saison ass den 21 Mee 2023 zu Ell géint Chrëschtnech.

Des Saison spillen eis Männer géint folgend Ekippen:

US Boevange-Attert, Daring Echternach, AS Wincrange, US Folschette, Jeunesse Gilsdorf, US Rambrouch, Racing Heiderscheid-Eschdorf, Green-Boys 77 Harlange-Tarchamps, US Reisdorf, Orania Vianden, CS Bourscheid, AS Rupensia Lusitanos Larochette an Olympia Christnach-Waldbillig

Demnächst kënnt dir de Spillplang och iwwert eise Kalenner op den Handy oder Tablet roflueden.

Retour