SC Ell News

  • scell.lu
  • S1: Den SC ELL huet een neien Trainer

S1: Den SC ELL huet een neien Trainer

par Philippe Jaaques

Eis Männer wäerten ab der Réckronn vun der Saison 2022/2023 vum Gilles Schmitz trainéiert ginn.

De Gilles Schmitz huet 40 Joer a wunnt zu Harel. Séng Spillerstatiounen ware Wolz, Harel an Housen. Zu Housen war heen 8 Joer als Jugendtrainer, wéi och 1,5 Joer als Jugendkoordinator aktiv. Weider Trainerstatiounen waren den FC Préizerdaul/Réiden wou heen 1,5 Joer op der Trainerbänk war an den FC Kiischpelt Wëlwerwolz wou heen 2,5 Joer aktiv war. Lo an der Wanterpaus ass heen vum FC Kiischpelt bei den SC ELL gewiesselt.

Co-Trainer wäert de Chris Reckel sinn, deen och wéi schon säit Ufank der Saison Trainer vun der zweeter Ekipp wäert sinn.

Trainer Gilles Schmitz

De Gilles ass Méindes, den 13. Februar 2023 offiziell virgestallt ginn an huet och direkt säin éischten Training ofgehal.

De José Monteiro an den Edmundo Dos Santos hunn dem Veräin virun 2 Wochen matgedeelt, dass sie an der Réckronn net méi um Trainerstull vum SC ELL wärten sëtzen. Sie hunn de Veräin verlooss an mir akzeptéieren déi Entscheedung. Mir soen dem José an dem Edmundo nach eng Kéier villmols MERCI fir dat Joer wat alles ahnescht wéi einfach war. De José huet eis Ekipp zu engem Moment iwwerholl wou et leider net sou evident war eng motivéiert Ekipp zesummen ze stellen, enner anerem och well immens vill Spiller verletzt waren. Trotzdem huet heen et gepackt rem eng Ekipp zesummen ze formen déi gär a gutt zesumme Fussball spillt. Merci José Merci Edmundo fir är Aarbecht a bonne Chance fir d'Zukunft.

Mam Gilles hu mir een Trainer fonnt, bei deem mir direkt gemierkt hunn dass séng Astellung a séng Ideeën déi sinn déi mir zu Ell brauchen. Et ass eng Décisioun geholl ginn an mir waren eis alleguer zimlech séier eenz dass mir een Trainer wéi de Gilles mussen op Ell huelen. Mir wënschen dem Gilles vill Erfolleg an eng wonnerbar Zäit zu Ell.

"Ech freeën mech op den neien Challenge bei sou engem gutt gefouert an ambitionéierten Veräin. Fir mech ass dat Wuert ZESUMMEN immens wichteg an ech hoffen dass mir alleguer un engem Strang zéien fir den SC ELL no fir ze bréngen, vum Comité iwwert Spiller/Spillerinnen, Bénévolen a Supporter. Jiddereen ass wichteg an ech hunn vollst Vertrauen an all eenzel Persoun. Loossen mer lass leeën"

sou de Gilles Schmitz e Méinden den Owend no séngem éischten Training.

De Comité vum SC ELL wënscht dem neien Trainerstaff vill Spaß, vill Gléck a vill Succès. Op eng erfollegräich Réckronn 2022/2023.

Retour