SC Ell News

News vum 14. - 16.07.2023

par Philippe Jaaques

Freides, de 14. Juli 2023 war eis Generalversammlung zu Ell am Centre Camille Ney. No der Versammlung huet den SC ELL am Café des Sports "beim Margot" ee Patt zum Beschten ginn. De Rapport vun der Versammlung fannt dir HEI.

----------

E Samschden an e Sonnden ass déi traditionell Coupe Vallée de l'Attert gespillt ginn. Nodeems d'Editioun 2022 zu Ell war, war et dëst Joer d'A.S. Nothomb-Post déi d'Coupe Vallée de l'Attert organiséiert huet. D'Matcher sinn zu Nothmomb (B) gespillt ginn.

Hei sinn d'Resultater vum Samschden, de 15. Juli 2023:

14h00: RSC Tontelange 0 - 3 FC Préizerdaul/Réiden (Poule A)

14h50: FC Biekerech 1 - 3 SC ELL (Poule B)

Goaler: Luca Ewertz (2x), Thierry Brosius

15h40: FC Perlé 0 - 1 RSC Tontelange (Poule A)

16h30: A.S. Nothomb-Post 3 - 2 FC Biekerech (Poule B)

17h20: FC Préizerdaul/Réiden 2 - 1 FC Perlé (Poule A)

18h00: SC ELL 1 - 2 A.S. Nothomb-Post (Poule B)

Goal: Luca Ewertz

 

Hei sinn d'Resultater vum Sonnden, de 16. Juli 2023:

14h00: FC Perlé 3 - 1 FC Biekerech (3ème Poule A et B)

15h45: RSC Tontelange 3 - 2 SC ELL (2ème Poule A et B)

Goaler: Frederic Tavares Mendes (2x)

17h30: FC Préizerdaul/Réiden 0 - 5 A.S. Nothomb-Post (1er Poule A et B)

 

Ofschlosstabell:

1. A.S. Nothomb-Post (B)

2. FC Préizerdaul/Réiden

3. RSC Tontelange

4. SC ELL

5. FC Perlé

6. FC Biekerech

Géint 19h15 war dann nach déi offiziell Präisiwwerreechung.
 
----------
Hei dann och nach eng Kéier d'Informatioun dass dir haut nach Zäit hutt fir eppes aus eiser Kollektioun SC ELL ze bestellen. All néideg Informatioun fannt dir HEI.

Retour