SC Ell News

  • scell.lu
  • Programm vum 27. - 30.07.2023

Programm vum 27. - 30.07.2023

par Philippe Jaaques

Eis Männer sinn och dëst Joer rem um traditionelle Bëschfest zu Käerch um Déckebierg am Asaz. Muer (27.07.2023) den Owend treffen mir do um 19h30 op d'Lokalekipp FC Käerch. Den zweete Match ass Freides, déi selwecht Zäit, wou d'Alliance Äschdall op den FC Biekerech trëfft. Sonndes den 30. Juli 2023 ginn dann d'Finalen gespillt. Um 16h00 de Match em déi drëtt Plaz an um 18h00 d'Finale. Weider Informatiounen fannt dir HEI.

Eis Dammen spillen mat enger Mix-Ekipp ee Frëndschaftsmatch géint den FC Tintifontaine aus der Belge. De Match gëtt e Samschden den 29. Juli 2023 zu Tintigny (B) gespillt a gëtt um 18h00 ugepaff.

Hei dann och nach d'Informatioun dass dir ab lo d'Memberskaart fir d'Saison 2023/2024 kënnt bestellen. Alleguer d'Détailer fannt dir HEI.

Dir fannt och HEI nach d'Transferts vun eisen Dammen. D'Präparatioun ass umgaang a bis et am September rem lassgeet stinn eng ganz Reih Frëndschaftsmatcher um Programm déi dir am Kalenner hei op eisem Internetsite fannt.

Retour