SC Ell News

  • scell.lu
  • Programm vum 27. - 28.01.2024

Programm vum 27. - 28.01.2024

par Philippe Jaaques

Bis offiziell Championnatsmatcher gespillt ginn, dauert et nach bessen. Allerdings sinn de Weekend souwuel eis Dammen, wéi och eis Jeunes Filles an der Hal am Asaz an eis Männer spillen ee Frëndschaftsmatch. Fir de Weekend ofzeschléissen ass dann Sonndes Owes nach eis Hüttengaudi.

 

SAMSCHDES, DE 27. JANUAR 2024

Eis Dammen spillen an der Finale vum Indoor Dames zu Diddeléng an der Sportshal géint d'Ekippen Swift Hesper, Jeunesse Jonglënster, Young Boys Dikrech, SC Beetebuerg an Entente Wuermer/Mënsbech/CSG.

Lass geet et um 14h00. Eis Meedercher spillen um 14h15 deen éischte Match an um 17h15 dee leschte Match. Lescht Joer konnten eis Meedercher de Championstitel an der Hal fir sech entscheeden, kënnen si och dëst Joer d'Coupe mat op Ell huelen?

Hei sinn d'Matcher an der Iwwersiicht:

14h15: SC ELL - Young Boys Diekirch

14h45: Swift Hesperange - SC ELL

16h00: Ent. Wormeldange/Munsbach/CSG - SC ELL

16h45: SC ELL - SC Bettembourg

17h15: Jeunesse Junglinster - SC ELL

Alleguer d'Informatiounen fannt dir HEI.

 

Eis Männer spille Samschdes Owes ee Frëndschaftsmatch géint d'AS Rupensia Lusitanos Larochette. De Match gëtt um 18h00 an der Fiels um syntheteschen Terrain Op Birkelt ugepaff. Et ass deen éischten Testmatch fir dëst Joer.

 

SONNDES, DEN 28. JANUAR 2024

Eis Jeunes Filles spillen am 2. Tour vum Indoor Jeunes Filles an der Grupp C zu Huewel géint d'Ekippen FC Blo-Wäiss Izeg, Young Boys Dikrech, Ent. Déifferdeng/Luna an Atert Bissen. Eis Meedercher sinn als Titelverteideger an des Campagne vum Indoor Jeunes Filles gestart.

Déi éischt 2 Ekippen aus de Gruppen A, B an C qualifizéieren sech fir d'Finale déi den 2. oder 3. März 2024 gespillt gëtt. Lass geet et um 09h00. Eis Meedercher spillen um 09h20 deen éischte Match an um 11h40 dee leschte Match.

Hei sinn d'Matcher an der Iwwersiicht:

09h20: SC ELL - Ent. Differdange/Luna

10h00: SC ELL - FC Blo-Wäiss Izeg

10h40: Young Boys Diekirch - SC ELL

11h40: Atert Bissen - SC ELL

Alleguer d'Informatiounen fannt dir HEI.

 

Sonndes Mëttes ass dann eis Hüttengaudi zu Ell am Centre Camille Ney. Lass geet et um 16h00. Et ass déi alleréischt Editioun. Alleguer d'Informatiounen dozou fannt dir HEI.

Bonne Chance un all eis Ekippen a vill Spaß op der Hüttengaudi.

Retour