SC Ell News

  • scell.lu
  • Programm vum 21. - 23.07.2023

Programm vum 21. - 23.07.2023

par Philippe Jaaques

Eis Männer hunn lescht Woch, Mëttwochs den 12. Juli 2023, offiziell mat der Präparatioun ugefaang. Bei eise Meedercher war de Start des Woch Dënschdes, den 18. Juli 2023.

De Weekend stinn zwee Frëndschaftsmatcher um Programm. Eis Seniors I spillen e Freiden den Owend um syntheteschen Terrain zu Dikrech géint d'Young Boys Dikrech aus der 1.Divisioun. De Match gëtt um 19h30 ugepaff.

Eis Meedercher spillen e Samschden de Mëtten ee Frëndschaftsmatch zu Izeg, dat um 15h30 um zweeten Terrain (synth.). Gespillt gëtt géint déi nei Entente Izeg/Usepelt déi nächst Saison an der 2.Divisioun untrëtt. Eis Dammen wärten mat engem Mix aus Dames 1, Dames 2 a Cadettes/Jeunes Filles untrieden.

Den SC ELL wënscht iech eng positiv Woch an ee gudde Start an de Weekend.

Retour