SC Ell News

  • scell.lu
  • Programm vum 14. - 16.07.2023

Programm vum 14. - 16.07.2023

par Philippe Jaaques

Eis Männer hunn des Woch, Mëttwochs den 12. Juli 2023, offiziell mat der Präparatioun ugefaang. Eis Meedercher maachen dat nächst Woch, Dënschdes den 18. Juli 2023.

Haut den Owend ass eis Generalversammlung zu Ell am Centre Camille Ney. Lass geet et um 19h30. No der Versammlung invitéiert den SC ELL iech op ee Patt am Café des Sports beim Margot. Weider Informatiounen fannt dir HEI.

De Weekend sinn eis Männer dann op der traditioneller Coupe Vallée de l'Attert am Asaz déi dëst Joer vun der AS Nothomb-Post organiséiert an ofgehale gëtt. Souwuel Samschdes wéi och Sonndes gëtt do gespillt. Alleguer d'Informatiounen sou wéi och de Spillplang fannt dir HEI.

Eis Transfert'e bei de Männer sinn dann och bekannt, déi kënnt dir HEI noliesen.

Hei och nach eng Kéier d'Arennerung dass dir nach bis de 17. Juli Zäit hutt fir eppes aus eiser Kollektioun SC ELL ze bestellen.

Den SC ELL wënscht iech een angenehme Weekend.

Retour