SC Ell News

  • scell.lu
  • S1: Opdeelung vun den Divisiounen 2022/2023

S1: Opdeelung vun den Divisiounen 2022/2023

par Philippe Jaaques

Haut um Dënschden, 5 Juli 2022, huet d'FLF d'Opdeelung vun den Divisiounen bekannt ginn. Wéi och déi Joere virdrun spillt de Sporting Club Ell an der Saison 2022/2023 am 1.Beziirk vun der 2.Divisioun.

Des Saison spillen eis Männer géint folgend Ekippen:

US Boevange-Attert, Daring Echternach, AS Wincrange, US Folschette, Jeunesse Gilsdorf, US Rambrouch, Racing Heiderscheid-Eschdorf, Green-Boys 77 Harlange-Tarchamps, US Reisdorf, Orania Vianden, CS Bourscheid, AS Rupensia Lusitanos Larochette an Olympia Christnach-Waldbillig

Des Saison net méi derbei sinn den FC Préizerdall/Réiden an d'AS Colmer-Bierg déi opgestiigen sinn an den FC Les Ardoisiers Pärel an den FC Biekerech déi ofgestiigen sinn. Dofir sinn nei derbei d'Ofsteiger US Béiwen-Atert an den FC Daring Iechternach, sou wéi och d'Opsteiger AS Rupensia Lusitanos Fiels an den FC Olympia Chrëschtnech-Waldbëlleg.

Mir freeën eis op eng flott a spannend Saison 2022/2023. Soubal de Spillplang raus ass, kritt dir deen natiirlech hei matgedeelt. Den éischte Championnatsmatch ass Sonndes den 28 August 2022.

Hei nach eng Kéier d'Opdeelung vun eiser Divisioun an der Iwwersiicht:

Retour