SC Ell News

  • scell.lu
  • Ofschloss Seniors Réserves - Saison 2021/2022

Ofschloss Seniors Réserves - Saison 2021/2022

par Philippe Jaaques

Um Enn vun der Saison 2021/2022 stinn eis Männer mat nemmen 7 Punkten op der leschter Plaz an der Tabell an steigt doduerch an d'3.Divisioun of. Vu 26 Matcher hunn sie 2 Matcher gewonn, 1 Match glaichgespillt an 23 Matcher verluer an dat mat engem Goalverhältnis vun 7:110 (-103). Dozou muss een awer soen dass den SC ELL 12 Matcher Forfait verluer huet, well d'Ekipp kuerz no der Wanterpaus leider huet missten ofgemellt ginn duerch Mangel u Spiller an duerch déi ugespant sportlech Situatioun an der éischter Ekipp.Di meescht Goaler fir eis Farwen huet de Geoffrey Pouillé geschoss (3).

Den FC Wolz 71 ass Tabellenéischten a steigt an d'1.Divisioun. Déi lescht 6 Ekippen steigen of. Mam SC ELL sinn dat den FC Jeunesse Schieren, d'As Wëntger, den FC Minerva Lëntgen, den FC Marisca Miersch an den FC 72 Ierpeldéng.

No laanger Zait am Veraïn, hält de Mike Brimmeyer op. Souwuel als Trainer vun der éischter an der zweeter Ekipp wéi och als Co-Trainer mee virun allem och als Mënsch wärt de Mike eis immens fehlen. Villmols merci fir déng Arbecht, dain Engagement an déng positiv Art a Weis. Den SC ELL wënscht dir nemmen dat Bescht fir d'Zukunft.

 

Hironn 2021

Réckronn 2022

  Equipe Pts J G P N p. c. Diff.
1 FC Wiltz 71 I 62 26 20 4 2 111 36 75
2 Alisontia Steinsel 62 26 20 4 2 105 46 59
3 Jeunesse Junglinster 48 26 15 8 3 83 46 37
4 FC Bastendorf 47 I 43 26 12 7 7 82 56 26
5 FC Red Black Egalité 07 43 26 14 11 1 80 65 15
6 AS Hosingen I 38 26 11 10 5 64 61 3
7 Sporting Mertzig 38 26 11 10 5 65 72 -7
8 Blo-Waiss Medernach 37 26 11 11 4 64 69 -5
9 Jeunesse Schieren 34 26 10 12 4 85 83 2
10 AS Wincrange I 34 26 9 10 7 57 63 -6
11 Minerva Lintgen 27 26 8 15 3 53 68 -15
12 Marisca Mersch 26 26 8 16 2 50 96 -46
13 FC 72 Erpeldange I 22 26 6 16 4 38 73 -35
14 SC ELL 7 26 2 23 1 7 110 -103

Retour