SC Ell News

News vum 27. - 30.07.2023

par Philippe Jaaques

Eis Männer waren lescht Woch, respektiv de Weekend, wéi all Joer um traditionelle Bëschfest zu Käerch um Déckebierg am Asaz. En Donneschden den Owend hunn eis Männer de Match géint d'Lokalekipp FC Käerch mat 1 - 4 verluer. De Goal fir Ell huet de Jair Rocha kuerz viru Schluss geschoss. An der Paus waren mir schon 0 - 3 hannen. Haut um Sonnden hu mir de Match em déi 3 Plaz mat 1 - 7 géint den FC Biekerech verluer. De Frederic Tavares Mendes huet deen enzege Goal fir eis geschoss. Den FC Käerch gewënnt d'Finale géint d'Alliance Äischdall mat 2 - 0.

Hei dann nach d'Ofschlosstabell vum Bëschfest 2023 zu Käerch um Déckebierg:

1. FC Käerch 2. Alliance Äischdall 3. FC Biekerech 4. SC ELL

Eis Dammen hunn e Samschden ee Frëndschaftsmatch zu Tintigny an der Belge gespillt. No 90 Minutten stung et 14 - 0 fir eis Faarwen. D'Goaler fir Ell hunn d'Emy Raty (6x), d'Lilly Magnani (3x), d'Johanna Koenig (3x), d'Rose Schmitz an d'Angelina Lima Livramento geschoss.

Hei dann och nach d'Informatioun dass et säit leschter Woch méiglech ass d'Memberskaart fir d'Saison 2023/2024 ze bestellen. Alleguer d'Détailer fannt dir HEI.

Dir fannt och HEI nach d'Transferts vun eisen Dammen. D'Präparatioun ass umgaang a bis et am September rem lassgeet stinn eng ganz Reih weider Frëndschaftsmatcher um Programm déi dir am Kalenner hei op eisem Internetsite fannt.

Retour