SC Ell News

News vum 21. - 23.07.2023

par Philippe Jaaques

Eis Seniors 1 hunn e Freiden den Owend, den 21. Juli 2023, ee Frëndschaftsmatch géint d'Young Boys Dikrech aus der 1.Divisioun gespillt. De Match hunn eis Männer zu Dikrech um syntheteschen Terrain mat 0 - 3 verluer. Et war ee gudden Test wou vill gewiesselt an ausprobéiert ginn ass. Nächste Rendez-Vous ass en Donneschden den Owend zu Käerch um Déckebierg, do treffen eis Männer um traditionellen Bëschfest um 19h30 op den FC Käerch.

Eis Dammen hu mat enger Mix-Ekipp (D1/D2 a Cadettes/Jeunes Filles) géint d'Entente Izeg-Uespelt gespillt. Zu Izeg um syntheteschen Terrain hunn eis Meedercher déi nei Entente, déi nächst Saison an der 2.Liga untrëtt, däitlech mat 12 - 2 geklappt. D'Goaler fir ELL hunn d'Coralie Navelet (3x), d'Johanna Koenig (2x), d'Joyce Schuler (2x), d'Lilly Magnani (2x), d'Andreia Faria Dos Santos, d'Barbara Serra an d'Morgane Blanco Galvez geschoss. Nächste Rendez-Vous ass e Samschden um 18h00 zu Tintigny (B) géint den FC Tintifontaine.

Hei dann och nach d'Informatioun dass dir ab lo d'Memberskaart fir d'Saison 2023/2024 kënnt bestellen. Alleguer d'Détailer fannt dir HEI.

Den SC ELL wënscht iech eng positiv Woch.

Retour