SC Ell News

  • scell.lu
  • Journée Anniversaire SC ELL - 19.12.2021

Journée Anniversaire SC ELL - 19.12.2021

par Philippe Jaaques

50 Joer Sporting Club ELL

Journée Anniversaire den 19. Dezember 2021 zu Ell am Centre Camille Ney

De Sporting Club ELL deen 1971 als véierten Eller Fussballveräin gegrënnt gouf huet 2021 säi 50 Joresdag gefeiert. Alles war natierlech e bëssi markéiert vun der Covid Pandemie. Vill geplangten Feierlechkeeten hu missten der Situatioun ugepasst ginn.

Sonndes, den 19. Dezember 2021 gouf d’Journée Anniversaire SCELL gefeiert. Esou wäit dat méiglech war, goufen all Memberen fir dës Schéi Feier agelueden.

Ronn 120 Leit haten sech ugemellt an dat war fir de Kommitee vu 50 Joer eng ganz grouss Freed. Vill fréier Memberen konnt een no laange Joren nees erëm gesinn.

Ugefaangen huet alles mam Apero beim Margot. Dat huet missten esou sinn, wëll de Veräin an deem Haus gebuer a grouss gouf. Vill schéin Erënnerungen aus dem Haus bleiwen bis haut a schéiner Erënnerung. Vun dëser Platz aus dem Margot respektiv hirem Virgänger der Famill Nothum-Eischen e grousse MERCI gesot. 

Nom Apero sinn Blummen beim "Monument aux Morts" niddergeluecht ginn fir all verstuerwe Memberen vum Veräin ze gedenken.

Duerno hunn di vill Leit sech am Centre Camille Ney getraff fir d’Mëttegiessen ze genéissen. Iert et awer sollt lass goen, huet de President  vum « Kommitee vu 50 Joer SCELL », de Camille Godelet d’Leit all häerzlech begréisst an eng Retro vum Veräin gemaach.

Nom Mëttegiessen huet de Henri Rasqué eng interessant Power-Point-Show vun deene 4 Eller Veräiner (1920, 1936, 1946, 1971) um groussen Ecran presentéiert verbonne mat villen Erklärungen an Informatiounen. Duerno gouf de Gebuertsdagskuch vum Denise Schoujean - Niess vum éischte Präsident den Roger Schoujean – presentéiert an opgeschnidden.

Nom Kuch, huet den aktuelle President vum Sporting Club Ell Jean-Michel Wahl, eng flott Usprooch gehalen an alle Leit Merci gesot fir déi super a wäertvoll Ënnerstëtzung wärend deene vergaangene 50 Joer. Och der Gemeng Ell huet hien Merci gesot fir de gudde Support. De President huet awer och de Sujet vum Benevolat kuerz ugesprach, deen éischter eng negativ Tendenz uweist.

Den Albert Even  - Grënnungsmember vun 1971 - ass och op verschidden Aspekter vum Eller Fussball agaangen. Eng Ried déi d’Leit begeeschtert huet.

De Marcel Rasqué - e fréiere Spiller - ass uschléissend un Riednerpult gaangen an huet eng Abberzuel vun Anekdoten vun den Eller Spiller an awer och vun den Decisiounen an Diskussiounen mat den Arbitter op eng flott Aart a Weis verzielt. Dem Marcel seng Erzielungen hu sech haaptsächlech an den 70er respektiv 80er Joren um Terrain ofgespillt.

Fir di musikalesch Ënnerhalung huet den d’DJ Team Félix De Palma & Pierre Bamboleo beschtens gesuergt. Hei däerf gesot ginn, dass de Félix Greisch fréiere Spiller a Jugendtrainer zu Ell war.

Verschidde Leit hunn nach gutt zougegraff beim Verkaf vum Crémant Kohll-Leuck, wou jo en Deel vun de Recetten un de Foyer Lannejhang vu Réiden geet. Och d'Festbuch vun iwwer 600 Säiten - wat immens vill Luef krut – ass ze soen ausverkaaft ginn.

Esou wéi bei der Séance Académique vum 15. Oktober 2021, war och dës Kéier déi wonnerbar Ausstellung vum SCELL e groussen a wichtegen Sujet. Fotoen, Coupen, Medailen, Trickoen, Diplomer, Plakaten, Artikelen, Flyeren, asw, goufen de Leit excellent presentéiert.

D’Nuechtiessen ass zum Schluss zerwéiert ginn an och hei muss ee soen, dass d’Boucherie-Party Service Mathieu vu Réiden all d’Leit dee ganzen Dag gutt verwinnt huet.

D’Christiane Garlemant war zoustänneg fir di ganz Journée Annversaire am Bild festzehalen. Et sief och nach ernimmt, dass eng Réi Corbeillen un di glécklech Gewënner vun der Tombola gaange sinn, déi dee richtege Numero op hirem Covid-Check Bändchen haten. 

En Dag dee sécher vun der grousser Famill vum Sporting Club ni vergiess gëtt.

Vive de Sporting Club ELL !!!

 

An eiser Galerie fannt dir d'Fotoen vum Dag!

Retour