SC Ell News

  • scell.lu
  • Impressions Marche Populaire IVV du 21.02.2021

Impressions Marche Populaire IVV du 21.02.2021

par Philippe Jaaques

8. Marche Populaire IVV zu ELL - 50 Joer Sporting Club ELL

Den 21. Februar 2021 war déi 27. Randonnée VTT an déi 8. Marche Populaire IVV am Kader vum 50ten Anniversaire vum Sporting Club Ell geplangt.

Leider kount d’Randonnée VTT durch d’Covid-Kris nit organiséiert ginn, de Risiko war ze grouss. An och eis Belsch Frënn, déi ëmmer zuelräich präsent waren, kounten duerch Covid-Restriktiounen nit an eist d’Ländche kommen.

Trotzdeem ass decidéiert ginn, d’Marche Populaire z’organiséieren, an dat wéi gewinnt zesummen mat eise Frënn Amis des Marcheurs de la Haute-Sûre. Et war déi 8. Marche respektiv déi éischt Manifestatioun am Kader vum 50ten Anniversaire vum Eller Fussball.

Et war gewosst, dass dëss Editioun nimools ging dee groussen Undrang hunn wéi déi Joeren virdrun. D'Organisatioun stung ganz am Zeechen vun de strenge « Mesures Sanitaires », déi och strikt agehale goufen. De Revenu vun dëser Organisatioun war limitéiert, wëll Iessen a Gedrénks verbuede waren. Den Objektiv war eisen treie « Clienten » eng Marche am schéine Westen unzebidden an esou d’Traditioun bäizehaalen.

Ech wëll awer op dëser Plaz e klenge Réckbléck maachen, wat d’Participatiounen ab 2014 ugeet: 2014: 832 Leit, 2015: 891, 2016: 615: 2017: 1.255, 2018: 1.088, 2019: 1.648, 2020: 780.

Bei der 8. Editioun vum 21-02-2021, déi wéi gesot matten an der Covid-Kris stattfound huet, waren trotzdeem 580 Leit op Ell koum fir d’idyllisch Parcouren vu 6 oder 12 km ze trëppelen. D'Wieder huet och matgespillt an esou hunn all d'Marscheuren sech zu Ell wuel gefillt an e Stéck vu Fräiheet an dëser nit einfacher Zäit genoss.

Camille Godelet

Retour