SC Ell News

  • scell.lu
  • FINALE CHAMPIONNAT CADETTES & JEUNES FILLES 2024

FINALE CHAMPIONNAT CADETTES & JEUNES FILLES 2024

par Philippe Jaaques

E Sonnden (09.06.2024) op Mammendag sinn d'Finale vum Championnat vun de Cadettes a vun de Jeunes Filles gespillt ginn. Den SC ELL war dëst Joer an deenen zwou Kategorien vertrueden. Duerch eng éischt Tabelleplaz am 1.Tour vum Championnat hunn eis Cadettes d'Finale géint de Gewënner vum 2.Tour (FC Mamer 32) an eis Jeunes Filles als Gewënner vum 2.Tour d'Finale géint de Gewënner vum 1.Tour (RFCUL) gespillt.
No 2019 huelen eis Cadettes den zweeten Championstitel duerch eng 2-1 Victoire géint den FC Mamer 32. D'Goaler fir Ell hunn d'Joyce Schuler an d'Emy Raty geschoss. Féliciatioun un d'Meedercher an un de Staff????????????
Eis Jeunes Filles verléieren 4-5 am Elefmeterschéisse géint de Racing FC Union Luxembourg. No zweemol 30 Minutten stung et 1-1. De Goal fir Ell huet d'Lilly Magnani geschoss.
Mir sinn immens houfreg dëst Joer mat eise Meedercher (Dames, Cadettes, Jeunes Filles) an 3 Finale vertruede gewiecht ze sinn.
SUPER SC ELL????

Retour