SC Ell News

  • scell.lu
  • "Emgedréinten Adventskalenner"

"Emgedréinten Adventskalenner"

par Philippe Jaaques

No 2017 wëllen mir dëst Joer rëm beim ëmgedréinten Adventskalenner matmaachen!

D'Iddi ass ganz einfach. Beim 'ëmgedréinten Adventskalenner' geet et net drëm, all Dag eng Dir opzemaachen mee et geet drëm, all Dag eppes an eng Këscht ze stellen mat deem een anere Leit hëllefe kann.
De Pit Maas huet d'Iddi 2017 ëmgesat an mir waren och deemools schonn begeeschtert an hunn ouni ze zécken matgemaach.

Ab lo fann dir eng Këscht an eiser Buvette wou dir Saachen kënnt erastellen déi aner Leit ganz gutt kinnten gebrauchen! Haaptsächlech Saachen fir z'iessen déi natierlech net an de Frigo mussen mee och Hygiensartikelen! Spéitstens fir Hellegowend wäerten mir déi Këscht dann bei d'Stëmm vun der Strooss droen, déi sech iwwer eis Ennerstëtzung freeën an déi eis Këscht u Leit weiderginn, déi d'Chance net hunn all Dag een décke Menü z'iessen!

Well mir ee ganz engagéierten Veräin sinn, sinn ech iwwerzeegt dass net nëmmen eng Këscht wäert voll ginn. Wann jiddereen ee klengen Effort mëscht, kënnen mir ganz vill Leit glécklech maachen, mat just engem klengen Geste...

Dir kennt d‘Sachen op eisen Heemmatcher an all Samschden vun 11h - 12h bei eis an d‘Buvette bréngen.


Merci dem Kim Müller vir des Initiativ!!

an lo: DEELEN DEELEN DEELEN!

Retour