SC Ell News

  • scell.lu
  • Informations ELLoween-Bal 2021

Informations ELLoween-Bal 2021

par Philippe Jaaques

ELLOWEEN 2021

E Sonnden ass et souwäit, no engem Joer Paus ass dëst Joer rëm den ELLoween zu ELL am Centre Camille Ney. Hei sinn puer wichteg Informatiounen fir e Sonnden:

  • Maskeflicht bis een an der Entrée de Covid-Check gemaach huet
  • KENG Schnelltester op der Platz, dir musst also ee Certificat mat QR-Code virweisen (geimpft, genesen oder negativ getest (PCR-Test oder zertifiéierte Schnelltest))
  • Entrée a Sortie sinn getrennt (wann dir de Site verloosst as d’Sortie definitiv)
  • Keen Entrée ënner 16 Joer
  • Carte d’Identité an Ticket onbedéngt derbäi hunn
  • Start ass um 21h30
  • Hei nach eng Kéier d’Informatioun dass et KENG Oweskeess gëtt (de Bal as AUSVERKAFT)

Déi Leit déi een Ticket beim Kim Müller reservéiert hunn an en nach net siche waren, kënnen deen e Samschden (30/10/2021) tëscht 10h00 an 12h00 op Ell an d’Buvette siche goen. Denkt drun d’Carte d’Identité mat ze huelen. Nëmmen déi Leit déi den Ticket och ugefrot hunn, kënnen den Ticket ofhuelen (ausser dir sot Bescheed dass een aner kënnt). 

De Sporting Club ELL wënscht iech ee flotten Elloween-Bal 2021

Retour