SC Ell News

  • scell.lu
  • Sporting Club ELL 50. Gebuertsdag 1971 - 2021

Sporting Club ELL 50. Gebuertsdag 1971 - 2021

par Philippe Jaaques

De Sporting Club ELL seet MERCI !

ELL – Sporting Club ELL 50. Gebuertsdag 1971 - 2021

De Sporting Club ELL feiert dëst Joer säi 50. Gebuertsdag. Et war de 9. Mee 1971, wéi de Sporting Club ELL gegrënnt gouf. Wéi dat deemols esou war, ass bei Null ugefaange ginn. Sportlich gesinn hat een e klenge Virdeel wëll eng Rei vu Jongen an den Nopeschveräiner gespillt hunn. Den éischte Championnatsmatch war de 5. September 1971 géint Gilsdref dee mat 1:4 gewonne gouf. An esou huet de Veräin sech wärend deene vergaange Joren positiv entwëckelt. Haut kann de Veräin stoulz an houfrig op en halleft Joerhonnert zrëck kucken.

2021 si vill Feierlichkeeten vum Organisatiounskommitee geplangt. Natiirlich wäert Covid-Kris et nit einfach maachen de Programm esou duerchzeféieren wéi virgesinn.

Sonndes, den 9. Mee 2021, genee um 50. Gebuertsdag, hat den Organisatiounskommitee op eng kleng Feier op den Terrain "Um Essig" invitéiert. Dës Feier stung ganz am Zeeche vum Merci a Respekt fir all déi Leit, déi wärend deene 50 Joer eise Veräin esou grouss an dynamisch gemeet hunn.

De President vum Organisatiounskommitee, de Camille Godelet, huet e kuerze Réckbléck vun deene 50 Joer gemeet. Hien huet sech bei der ganzer Eller Fussballsfamill vun 1971 - 2021 souwéi och bei der Gemeng bedankt. Déi dräi Éierebuergermeeschteren, Ed Leyder (+), Robert Roder a Jos Thill kruten e grousse Luef ausgesprach fir hire groussaartige Support wärend all deer Zäit. Uschléissend huet de President gefrot fir eng Gedenkminutt ze maachen, fir all déi verstuerwe Memberen vun deene 50 Joer.

Duerno war et um Henri Rasqué an dem Edy Graf, déi op eng flott Aart a Weis den Interview iwwert d’Grënnungsjoer 1971 virgedroen hunn. Dësen Interview huet de Georges Even 2006 mam Jos Nothum an Albert Even realiséiert.

Uschléissend huet de Präsident vum Sporting Ell, de Jean-Michel Wahl alle Leit fir di vergaange 50 Joer Merci gesot an dem Jubilar vill Courage, Ausdauer an Erfollig fir d’Zukunft gewënscht.

Den heitige Buergermeeschter Armand Schuh huet dem Veräin fir di 50 Joer ganz häerzlech gratuléiert a confirméiert, dass d’Gemeng Ell de Veräin weider géif ënnerstëtzen.

Als Symbol vum Merci gouf e Bam (Lann) vun 10 Joer nieft den Terrain ugeplanzt an et gouf eng Plackett ubruecht, wou de Merci a Respekt nach eng Kéier festgehale goufen.

Bei dëser Feier waren uwiesend: Zwee Grënnungsmemberen, den Albert Even an den Ernest Coljon, den éischten Trainer, Alex Even, den Éierebuergermeeschter Jos Thill, de Buergermeeschter Armand Schuh, d'Vertrieder aus dem Schäffen a Gemengerot an ’Memberen vun deenen zwee Kommiteeën vum S.C. ELL an den Organisatiounskommitee „50 Joer SCELL“.

Uschléissend gouf op der Terrass vun der Buvette fir di 50 Joer SC ELL e klenge Patt offréiert.

Camille Godelet

----------

RTL: https://www.rtl.lu/fotoen/35097.html

MyWort: https://www.wort.lu/de/mywort/ell/news/sporting-club-ell-feiert-50-geburtsdag-609923aade135b9236fd797c

Retour