SC Ell News

  • scell.lu
  • DRIBBLE! D'OR 2021 - 13.12.2021

DRIBBLE! D'OR 2021 - 13.12.2021

par Philippe Jaaques

Am Kader vum "Dribble d'Or 2021", organiséiert vu mental.lu si geschter Owend, den 13. Dezember 2021 am Hitch an der Stat enner anerem dee beschte Spiller an Trainer aus der BGL League, wéi och déi bescht Spillerinn vum Joer aus der Ligue 1 vun den Dammen ausgezeechent ginn.

Eis Spillerinn Johanna Koenig war nominéiert well hatt zu deene beschte Spillerinnen gehéiert.

Um Enn gëtt et eng drëtt Plaz fir d'Johanna, hannert dem Marta Estévez Garcià vun der Entente Wuermer/Mënsbech/CSG op der 2. Plaz an dem Lucie Schlimé vun der Entente Izeg/CeBra op der 1. Plaz.

De Sporting Club Ell félicitéiert de Meedercher, a virun allem dem Johanna, fir déi gutt 3. Plaz. Mir sinn eis eenz dass d'Johanna dee Prais méi wéi verdingt huet.

Mir sinn immens stolz, maach weider sou Johanna.

Retour