SC Ell News

  • scell.lu
  • Den SC ELL huet een neien Trainer

Den SC ELL huet een neien Trainer

par Philippe Jaaques

Den SC ELL huet een neien Trainer

Eis Männer wäerten ab der Saison 2021/2022 vum Stany Saudmont trainéiert gin.

Den Alain Thunus, dee säit der Saison 2018/2019 bei eis als Trainer am Asaz war, huet eis matgedeelt, dass en an Zukunft wäert beim FC Luerenzweiler op der Trainerbänk sëtzen. Mir wënschen dem Alain alles Guddes fir seng Zukunft, vill Erfolleg op senger zweeter Trainerstatioun an soen him villmools Merci fir seng Aarbecht a seng Zäit zu Ell. 

Och de Marvin Eisenmenger, eise Goalkeepstrainer, verléist eis a Richtung Luerenzweiler. De Marvin war net nëmmen puer Saisonën Goalkeep vum SC ELL, hien war och ab 2014 Goalkeepstrainer bei eisen Dammen wéi och spéiderhin bei eisen Hären. Mir soen dem Marvin MERCI fir seng Aarbecht a wënschen him vill Erfolleg op sengem weidere Wee.

De Stany Saudmont, 52 Joer, huet ee groussen Deel vun senger Fussballkarriär an der Belsche verbruecht. Enneranerem war hien Spiller beim FC Lorrain Arlon an bei RUS Givry. 

Als Trainer mat UEFA-B Schäin, huet hien souwuel an der Belsche wéi och a Lëtzebuerg Seniorsequippen (wéi Etalle, Messancy, Chatillon, Mertzig) an och Jugendequippen (wéi Arel, Virton, Jeunesse Esch) trainéiert.

De Stany gouf de Méinden 12. Abrëll 2021 offiziell vum Veräin virgestallt. Him zur Säit wäerten weiderhin de Joel Schneider als Co-Trainer an den Dave De Bruyn als Trainer vun de Seniors Réserves stoen.

Mir wënschen eisem Trainerstaff an eise Spiller eng flott an erfollegräich Saison 2021/2022.

Retour