SC Ell News

  • scell.lu
  • Démontage Clôture Terrain ELL - 15.05.2021

Démontage Clôture Terrain ELL - 15.05.2021

par Philippe Jaaques

Haut um Samschden, de 15. Mee 2021 huet de Comité vum Sporting Club ELL, mat Hëllef vu puer Kollegen, d'Clôture an d'Panneauen vun eisen Sponsoren rondrem den Terrain ofgebaut.

Fir de 50. Gebuertsdag wärt zu ELL am Stade um Essig Ufank Juni 2021 eng ganz nei Clôture installéiert gin, sou dass eis Sponsoren mat hiere Reklammen nach besser zur Geltung kommen an mir eng Clôture hun, déi zäitgeméiss as an wou eis Panneauen propper hänke wärten.

Offiziell as d'Saison dann riwwer fir dëst Joer, wat d'Matcher zu ELL um Terrain ugin. Eis Dammen wärten dee leschte Heem-Championnatsmatch den 29. Mee 2021 bei eisen Noperen zu Réiden spillen.

Villmols merci u jiddereen deen haut an deem schlechte Wieder gehollef huet.

Weider Fotoen fann dir an der Galerie: Galeries Photos

Retour