SC Ell News

  • scell.lu
  • Dames: Transferts Saison 2023/2024

Dames: Transferts Saison 2023/2024

par Philippe Jaaques

Dënschdes den 18. Juli 2023 ass et mat der Präparatioun lassgaang fir d'Saison 2023/2024. Mir sinn frou iech hei eis aktuell Transfert'en firzestellen déi ab dëser Saison fir den SC ELL wärten spillen.

Nei beim SC ELL:

Marie-France Foguenne, 19 Joer, Goalkeeper, kënnt vum RCS Jalhaytois (B)

Emy Raty, 17 Joer, Ugrëff, kënnt vum RSC Habay-la-Neuve (B)

Isabelle Schuler, 39 Joer, Goalkeeper, kënnt vum FC Red Black Egalité 07

Joyce Schuler, 16 Joer, Mëttelfeld, kënnt vum FC Jeunesse Jonglënster

Cindy Pereira Saraiva, 19 Joer, Mëttelfeld, kënnt vun de Young Boys Dikrech

Sofia Jacinto Dos Santos, 18 Joer, Mëttelfeld, kënnt vun de Young Boys Dikrech

Foto kënnt no

 

Et kommen allerdings och nach Spillerinnen vun eise Jeunes Filles rop bei d'Dammen, déi ab lo an eis zwou Dammenekippen integréiert ginn an bei der Präparatioun schon mat den Dammen mat trainéieren.

Mir wënschen jidderengem ee gudde Start an virun allem eng wonnerbar Zäit zu Ell.

Trainer vun eiser éischter Ekipp vun den Dammen bleiwt de Paul Wilwerding. Co-Trainer a Goalkeepestrainer ass d'Samiah Poiré. De Louis de Roeck bleiwt Trainer vun der zweeter Dammenekipp, dat mat Hëllef vum Renato Freitas. D'Samiah Poiré ass och dës Saison Trainer vun de Cadettes. D'Jeunes Filles I ginn trainéiert vum Renato Freitas, d'Jeunes Filles II iwwerhëlt de Paulo Rodrigues Monteiro. D'Isabelle Barroso hëlleft och am Staff vun de Jeunes Filles. Eis Fillettes gi weiderhinn vum Andreia Correia, mat Hëllef vum Stephanie Procacci, trainéiert.

Op der Foto: Paul Wilwerding a Samiah Poiré

Op der Foto: Louis De Roeck a Renato Freitas

Verlooss hunn eis:

Catherine Keipes, 38 Joer, Goalkeeper, wiesselt bei d'Entente Wëntger-Wolz

Marta Gomes Oliveira, 17 Joer, Ofwier, wiesselt bei den FC Sporting Mäerzeg

Mara Ventura, 23 Joer, Mëttelfeld, wiesselt bei d'Entente Housen/Norden

Vanina Monfort, 23 Joer, Mëttelfeld, wiesselt bei den CS Toernich

-> Merci fir den Asaz an d'Zäit beim SC ELL a vill Gléck um weidere Wee.

Op eng erfollegräich a positiv Saison. ALLEZ SC ELL.

Retour