SC Ell News

  • scell.lu
  • DAMES: Opdeelung vun den Divisiounen 2023/2024

DAMES: Opdeelung vun den Divisiounen 2023/2024

par Philippe Jaaques

Haut um Mëttwoch, 9 August 2023, huet d'FLF d'Opdeelung vun den Divisiounen bekannt ginn. Eis Dames 1 spillen wéi och déi Joeren virdrun an der 1.Divisioun, eis Dames 2 spillen nom Ofstiig lescht Saison des Saison an der 3.Divisioun.

An der 1.Divisioun treffen eis Meedercher op folgend Ekippen:

Racing FC Union Luxembourg I, FC Mamer 32 I, SC Bettembourg I, Jeunesse Junglinster, Young Boys Diekirch I, Ent. Differdange/Luna I, Ent. Wormeldange/Munsbach/CSG I, Ent. Rosport/USBC I an Swift Hesperange

Gespillt gëtt zu 10 Ekippen. No 18 Matcher (Hin- a Réckronn) ginn Play-Off's gespillt. Déi éischt 4 Ekippen spillen an Hin- a Réckmatcher em den Titel (6 Matcher). D'Punkten an d'Goaldifferenz ginn iwwerholl. D'Ekippen op de Plazen 5 - 10 spillen an engem Match géint all Ekipp den direkten Ofsteiger, respektiv de Barragiste aus. Den Tabellenleschten steigt of, den Tabellenzweetleschten spillt Barragematch géint den Tabellenzweeten aus der 2.Divisioun.

Alleguer d'Informatiounen fannt dir am Détail um Programm an der Annexe.

An der 3.Divisioun treffen eis Meedercher op folgend Ekippen:

Orania Vianden, Sporting Mertzig, Young Boys Diekirch II, Atert Bissen, Minerva Lintgen a Racing Troisvièrges

Gespillt gëtt zu 7 Ekippen. 18 Matcher ginn am Ganzen gespillt, also dräimol géint all Ekipp. Den Tabellenéischten um Enn vun der Saison steigt an d'2.Divisioun. Hei ginn et keng Play-Off's.

Alleguer d'Informatiounen fannt dir am Détail um Programm an der Annexe.

Mir freeën eis op eng flott a spannend Saison 2023/2024. Soubal de Spillplang raus ass, kritt dir deen natiirlech hei matgedeelt. Den éischte Championnatsmatch fir eis Dames 1 ass Samschdes, den 9. September 2023 an den éischte Championnatsmatch fir eis Dames 2 ass eng Woch drop Samschdes, de 16. September 2023.

Hei nach eng Kéier d'Opdeelung vun eiser Divisioun an der Iwwersiicht:

Retour