SC Ell News

  • scell.lu
  • DAMES: De Spillplang fir d'Saison 2023/2024 ass raus!

DAMES: De Spillplang fir d'Saison 2023/2024 ass raus!

par Philippe Jaaques

PROGRAMME DAMES - DAMES 1 (LIGUE 1) et DAMES 2 (LIGUE 3)

Noddems d'Opdeelung vun den Divisiounen bei den Dammen schon lescht Woch bekannt war, ass gëschter de Spillplang fir déi nei Saison rauskomm. Eis Dames 1 spillen wéi och déi Joeren virdrun an der 1.Divisioun, eis Dames 2 spillen nom Ofstiig lescht Saison des Saison an der 3.Divisioun.

An der 1.Divisioun treffen eis Meedercher op folgend Ekippen:

Racing FC Union Luxembourg I, FC Mamer 32 I, SC Bettembourg I, Jeunesse Junglinster, Young Boys Diekirch I, Ent. Differdange/Luna I, Ent. Wormeldange/Munsbach/CSG I, Ent. Rosport/USBC I an Swift Hesperange

Gespillt gëtt zu 10 Ekippen. No 18 Matcher (Hin- a Réckronn) ginn Play-Off's gespillt. Déi éischt 4 Ekippen spillen an Hin- a Réckmatcher em den Titel (6 Matcher). D'Punkten an d'Goaldifferenz ginn iwwerholl. D'Ekippen op de Plazen 5 - 10 spillen an engem Match géint all Ekipp den direkten Ofsteiger, respektiv de Barragiste aus. Den Tabellenleschten steigt of, den Tabellenzweetleschten spillt Barragematch géint den Tabellenzweeten aus der 2.Divisioun.

Den éischte Championnatsmatch spillen eis Meedercher Samschdes, den 9. September 2023 um 19h00 zu Dikrech. Den éischten Heemmatch ass eng Woch méi spéit, Samschdes de 16. September 2023 um 19h00 géint den FC Jeunesse Jonglënster. An der Coupe treffen eis Meedercher am Tour préliminaire op d'Fola Esch aus der 3.Divisioun. Dee Match gëtt Mëttwochs den 13. September 2023 zu Esch-Lalléng um syntheteschen Terrain gespillt.

 

An der 3.Divisioun treffen eis Meedercher op folgend Ekippen:

Orania Vianden, Sporting Mertzig, Young Boys Diekirch II, Atert Bissen, Minerva Lintgen a Racing Troisvièrges

Gespillt gëtt zu 7 Ekippen. 18 Matcher ginn am Ganzen gespillt, also dräimol géint all Ekipp. Den Tabellenéischten um Enn vun der Saison steigt an d'2.Divisioun. Hei ginn et keng Play-Off's.

Den éischte Championnatsmatch spillen eis Meedercher Samschdes, de 16. September 2023 um 16h30 zu Ell géint den FC Racing Ëlwen. Den éischten Auswiertsmatch ass eng Woch drop Samschdes, den 23. September 2023 um 19h00 zu Lëntgen.

Mir freeën eis op eng flott a spannend Saison 2023/2024. De Spillplang fannt dir uewen als PDF fir rofzelueden. D'Matcher vun der Saison 2023/2024 sinn och lo am Kalenner hei um Internetsite agedro a kënnen op den Handy, respektiv Tablet oder PC rofgeluede ginn.

Retour