SC Ell News

  • scell.lu
  • D2: Spillplang vun der 2.Divisioun 2022/2023

D2: Spillplang vun der 2.Divisioun 2022/2023

par Philippe Jaaques

Haut um Mëttwoch, 17 August 2022, huet d'FLF de Spillplang vun den Divisiounen bekannt ginn. Nom Opstiig spillen eis Dames 2 an der Saison 2022/2023 an der 2.Division.

Den éischte Championnatsmatch vun der neier Saison spillen eis Meedercher Samschdes, de 17 September 2022 doheem géint den FC Mamer 32 II. Mamer ass mat eis opgestiigen, déi zwee eenzeg Opsteiger treffen also direkt um éischten an domat och um leschte Spilldag openeen. Den éischten Auswiertsmatch ass eng Woch drop, Samschdes de 24 September 2022 zu Hesper géint den FC Swift Hesper. De leschte Match vun der Hironn ass Samschdes de 26 November zu Esch-Lalléng géint d'Fola Esch. D'Réckronn starten eis Meedercher de 4 März 2023 mat engem Heemmatch géint Hesper. Wéi schon uewen geschriwwen ass de leschte Championnatsmatch vun der Saison den 20 Mee 2023 zu Mamer géint den FC Mamer II.

Des Saison spillen eis Meedercher géint folgend Ekippen:

Ent. Rosport/USBC, Swift Hesperange, CS Fola Esch-Alzette, Ent. Merl/Bertrange I, AS Rupensia Lusitanos Larochette, UN Kaerjeng 97, Progrès Niederkorn I, Orania Vianden, Ent. Hosingen/Norden I, Ent. Aspelt/Remich/Bous, FC Mamer 32 II

D'Matcher sinn an eisem Kalenner agedro, deen dir lo op den Handy oder Tablet rofluede kënnt.

Retour