SC Ell News

  • scell.lu
  • D1: Auslousung Coupe des Dames

D1: Auslousung Coupe des Dames

par Philippe Jaaques

Haut um Mëttwoch, de 14. September 2022, sinn zu Monnerech um Haaptsëtz vun der FLF déi eenzel Ronnen an de verschiddene Coupen ausgeloust ginn. Well souwuel eis Seniors 1 (0 - 6 géint den FC Syra Menster) wéi och eis Seniors Réserves (1 - 3 géint den FC Biekerech) hire Match verluer hunn, an domat raus sinn, hu mir ganz gespaant op d'Auslousung bei den Dammen gewaart.

Samschdes, den 3. Dezember 2022, spillen eis Meedercher an der 1/8-Finale vun der Coupe des Dames géint den FC Jeunesse Jonglënster. De Match gëtt zu Ell gespillt. Lescht Saison hunn eis Meedercher am Tour préliminaire vun der Coupe géint genau dee Géigner verluer an waren leider direkt raus, deemools allerdéngs auswäerts.

Mir wäerten alles maachen, fir dass et dëst Joer anescht ausgeet.

De Match ass am Kalenner agedroen.

-----

Hei sinn d'Matcher an der Iwwersiicht:

1/8-Finale Coupe des Dames

  • Sporting Mertzig – Differdingen-Luna
  • Rupensia Lusitanos Fels – SC Bettemburg
  • Swift Hesperingen - Ent. Rosport-USBC
  • US Rümelingen - Hosingen-Norden
  • Wintger-Wiltz – FC Mamer 32
  • Progrès Niederkorn – Racing FC Union Luxemburg
  • SC Ell – Jeunesse Junglinster
  • US Sandweiler – Alisontia Steinsel

Retour