SC Ell News

  • scell.lu
  • Crémant anniversaire du Sporting Club Ell 2023

Crémant anniversaire du Sporting Club Ell 2023

par Philippe Jaaques

Léif Memberen, Supporter a Frënn vum SC ELL,

Mir hoffen dir sidd gutt an d'Joer 2023 gestart a konnt d'Feierdeeg mat de Kollegen an der Famill genéissen. Op Grond vun der grousser Nofro gëtt et nees de Crémant anniversaire vum SC ELL, millésime 2022, aus dem Haus Kohll-Leuck vun Éinen.

Een neit Joer heescht och nei Geleeënheeten, nei Fester an nei schéi Momenter zesummen mam Veräin wéi och privat. Fir gutt virbereed ze sinn an fir mat deene Beschten unzestoussen duerf de Crémant vum SC ELL net fehlen. Wann Dir nach Crémant braucht dann maacht Iech bäi a bestellt beim Paul Wilwerding um Telefon 621 141 406 oder per mail op pwilw@pt.lu

Mir wënschen Iech alleguer eng gutt Gesondheet an hoffentlech bis geschwënn.

De Comité vum SC ELL

Retour