SC Ell News

  • scell.lu
  • RAPPORT ASSEMBLEE GENERALE 2023

RAPPORT ASSEMBLEE GENERALE 2023

par Philippe Jaaques

E Freiden, de 14. Juli 2023, war eis traditionell Generalversammlung zu Ell am Centre Camille Ney. No der Versammlung huet den SC ELL am Café des Sports beim Margot ee Patt zum Beschte ginn.

D'Saison war duerchwuess. Eis Seniors I hunn et kuerz viru Schluss gepackt an der 2. Divisioun ze bleiwen, allerdings muss een dozou soen dass d'Konditiounen net déi bescht waren, enner anerem duerch vill Verletzungen. Fir den Trainer Gilles Schmitz war et och alles ahnescht wéi einfach d'Ekipp sou an der Wanterpaus ze iwwerhuelen. Eis Dames I schléissen d'Saison op enger 6. Plaz an der Tabell of, hunn am Januar awer den Indoor Dames gewonn. Eis Seniors Réserves seigen an d'4. Divisioun of. Eis Dames II steigen an d'3. Divisioun of, hunn awer bis zum Schluss alles ginn a probéiert, allerdings war et immens schwéier vu dass 6 Ekippen ofgestiige sinn. Eis Cadettes bleiwen an der 1. Divisioun. Eis Jeunes Filles I hunn d'Finale em de Championstitel leider knapp mat 0 - 1 géint den RFCUL verluer. Sie hunn awer genau wéi eis Dammen den Indoor am Januar gewonn. Eis Jeunes Filles II steigen an d'2. Divisioun op. Eis Fillettes hunn déi éischt Saison hannert sech an engem Championnat vun 8 Ekippen. Vu 14 Matcher hunn sie der 7 gewonn.

Bis op enzel Punkten, war d'Versammlung ähnlech wéi och déi Joere virdrun. D'Perspektiven fir déi nei Saison, sou wéi och déi nei Spiller a Spillerinnen si présentéiert ginn. Och de Finanzbericht ass vun eisem neie Caissier dem Chris präsentéiert ginn. D'Lisa Dumont an d'Fabienne Kartheiser krute bei den Dammen félicitéiert fir déi meescht Trainingen, bei den Hären waren dat de Luc Schroeder an den Thierry Brosius. Et war eng fantastech Saison wat den Emsaz an eisen zwou Buvetten ugeet, do wärt de Supporter Club dem Fussball och rem ee groussen Don maachen. De Supporter Club wärt an Zukunft och am SC ELL integréiert sinn, sou dass et deen ab lo net méi eenzel wärt ginn. Verschidde Leit wéi z.B. d'Corinne Even, d'Margot, d'Gemeng, d'Sponsoren, d'Memberen an aner bénévol Leit déi di ganz Saison iwwer gehollef hunn krute MERCI gesot.

Hei nach weider Punkten déi an der Generalversammlung geschwat gi sinn:

- eis Männer hunn des Woch, Mëttwochs den 12. Juli 2023, offiziell mat der Präparatioun ugefaang. Eis Meedercher maachen dat nächst Woch, Dënschdes den 18. Juli 2023.

- de Jonathan Bosseler hällt als Trainer vun de Jeunes Filles II op. Merci fir déng Zäit an däin Engagement Jonathan. Neien Trainer ass de Paulo Rodrigues Monteiro. De Renato Freitas bleiwt Trainer vun de Jeunes Filles I, dat mat Ennerstëtzung vum Isabelle Barroso.

- de Guillaume Lecomte gëtt neie Co-Trainer vum Gilles Schmitz bei den Hären. De Chris Reckel bleiwt Trainer vun der zweeter Ekipp, bleiwt awer och am Staff vun der Seniors I. De Pol May ass Goalkeepstrainer, de Mathieu Marenne Préparateur Physique an de Pit Wiltgen Kiné.

- de Paul Wilwerding bleiwt Trainer vun den Dammen. Co-Trainer a Goalkeepstrainer ass weiderhinn d'Samiah Poiré. Bei den Dames II bleiwt de Louis De Roeck Trainer, dat mat Ennerstëtzung vum Renato Freitas.

- d'Cadettes gi weiderhinn vum Samiah Poiré trainéiert.

- bei de Fillettes gëtt d'Andreia Correia an Zukunft vum Steph Procacci ennerstëtzt.

- wéi all Joer ass un déi Leit geduecht ginn déi verstuerwe sinn. Mir hu besonneg un de Ben Schaaf geduecht deen eis dëst Joer den 1 Mee duerch een trageschen Accident fir emmer verlooss huet. Ben du gëss nie vergies.

- d'Manifestatiounen fir déi nei Saison si präsentéiert ginn. Eng éischte Kéier wärte mir eng Après-Ski Party organiséieren, dat den 29. Dezember 2023. D'Manifestatiounen fannt dir alleguer op eisem Internetsite.

Am Comité ginn et eng kleng Ännerungen. De Steve Gereke an de Pit Reckinger halen op, merci fir är Hëllef an är Zäit. Nei am Comité sinn de Rick Schlesser an de Pol May. Den Henri Rasqué ass net méi Vice-Präsident, dat duerch säin neie Poste als Buergermeeschter vun der Gemeng Ell. De Comité sätzt sech lo sou zesummen:

Président: Jean-Michel WAHL

Vice-Président: à définir

Secrétaire: Paul WILWERDING

Trésorier: Chris RECKEL

Memberen: Henri RASQUE, Alain BACK, Jean SCHMARTZ, Kim MÜLLER, Eloi WEIS, Mandy ANTONY, Alain EVEN, Philippe JAAQUES, Conny KAUFMANN, Romain MERSCH, Christian KEMMER, Rick SCHLESSER, Pol MAY

Mir soen der Gemeng Ell, eise Supporter a Memberen an eise Sponsoren villmols Merci fir d'Ennerstëtzung. Och der FLF ee grousse Merci fir d'Ennerstëtzung vum lëtzebuerger Fussball, respektiv den enzelne Veräiner. Merci un all eenzelnen deen eppes dozou baigedro huet, dass de Sporting Club ELL déi lescht Joer sou erfollegraich gefouert gin as.

Bleiwt alleguer gesond a bis geschwënn.

Retour