SC Ell News

ASSEMBLEE GENERALE 2022

par Philippe Jaaques

Geschter Owend, den 11. Juli 2022, war eis traditionell Generalversammlung am Café des Sports "beim Margot" zu Ell.

Nodeems d'Saison 2020/2021 aus bekannte Grënn net vun all den Ekippen konnt fäerdeg gespillt ginn, war d'Saison 2021/2022 rem eng relativ normal Saison an eis Ekippen konnten alleguer hier Matcher bis zum Schluss spillen. Och eis Baler a Manifestatiounen konnten alleguer ofgehal ginn, wann och heinsdo mat manner Leit oder mat aneren organisatoreche Ufuerderungen.

Bis op enzel Punkten, war d'Versammlung ähnlech wéi och déi Joere virdrun. De Comité vum 50. Anniversaire huet dem SC ELL de Bénéfice vum Anniversaire iwwereecht. D'Melanie Marques bei den Dammen an de Luc Schroeder bei den Hären kruten ee Cadeau fir déi meecht Trainingen. Eis Dames 2 si geéiert ginn fir den Opstig an d'2.Divisioun. De Mike Brimmeyer an d'Isabelle Kruchten kruten ee Cadeau, well se ophalen, respektiv de Verain verloossen. D'Perspektiven fir déi nei Saison, sou wéi och déi nei Spiller a Spillerinnen si présentéiert ginn, do kënnt awer nach am Détail eppes no. De Supporter Club huet dem SC ELL een décken Don gemaach, merci dofir. Verschidde Leit wéi z.B. d'Corinne Even, d'Margot, den Edy Graf, d'Gemeng, d'Sponsoren, d'Memberen an aner bénévol Leit déi di ganz Saison iwwer gehollef krute MERCI gesot.

Am Comité gëtt et eng kleng Ännerung. No 20 Joer hällt den Alain Back als Trésorier op, bleiwt awer am Comité. De Chris Reckel iwwerhëllt déi Charge. Merci Alain fir déng Arbecht all déi Joeren. Nei am Comité ass de Jean-Claude Kemmer, all déi aner Memberen bleiwen am Comité. De Comité sätzt sech lo sou zesummen:

Président: Jean-Michel WAHL

Vice-Président: Henri RASQUE

Secrétaire: Paul WILWERDING

Trésorier: Chris RECKEL

Memberen: Alain BACK, Jean SCHMARTZ, Kim MÜLLER (prés. Supporter-Club), Eloi WEIS, Mandy ANTONY, Alain EVEN, Philippe JAAQUES, Conny KAUFMANN, Pit RECKINGER, Steve GEREKE, Romain MERSCH, Christian KEMMER, Jean-Claude KEMMER

Mir soen der Gemeng Ell, eise Supporter a Memberen an eise Sponsoren villmols Merci fir d'Ennerstëtzung. Och der FLF ee grousse Merci fir d'Ennerstëtzung vum lëtzebuerger Fussball, respektiv den enzelne Veräiner. Merci un all eenzelnen deen eppes dozou baigedro huet, dass de Sporting Club ELL déi lescht Joer sou erfollegraich gefouert gin as.

Bleiwt alleguer gesond a bis geschwënn.

Retour