SC Ell News

ASSEMBLEE GENERALE 2021

par Philippe Jaaques

Geschter Owend, den 20. September 2021, war eis traditionell Généralversammlung am Centre Camille Ney zu Ell.

Net nemmen d'Fussballjoer mee och d'Versammlung selwer war méi kuerz wéi mir dat déi Joeren virdrun gewinnt waren. Di eng Sait well vill manner ze erzielen war, déi aner Sait well duerch déi aktuell Mesuren de Sall net sou voll war wéi mir dat eigentlech gewinnt sinn.

Eis éischt Ekipp vun den Dammen war eigentlech déi enzeg Ekipp, déi lescht Joer am ganze Kanton Réiden dierft d'Matcher bis zum Schluss fäerdeg spillen. Dat Ganzt ennert den néidegen sanitäre Mesuren an leider ouni Buvette. Finanziell gesinn war et duerch déi vill Subsiden am Endeffekt kee souee schlecht Joer, och wann eis Baler a Fester net, oder net wéi gewinnt, konnten ofgehal ginn.

Am Comité gëtt et eng kleng Ännerung. Den Yves Hahn as offiziell net méi am Comité, de Christian Kemmer as nei derbei. De Comité sätzt sech lo sou zesummen:

Mir soen der Gemeng Ell, eise Supporter a Memberen an eise Sponsoren villmols Merci fir d'Ennerstëtzung. Och der FLF ee grousse Merci fir d'Ennertsëtzung vum lëtzebuerger Fussball, respektiv den enzelne Veräiner. Merci un all eenzelnen deen eppes dozou baigedro huet, dass de Sporting Club ELL déi lescht Joer sou erfollegraich gefouert gin as.

Bleiwt alleguer gesond a bis geschwënn.

Retour