GENERALVERSAMMLUNG 2026
10th July 2026
SC ELL
Generalversammlung 2026
Samschdes, de 4. Juli, huet de SC Ell seng Generalversammlung fir d'Saison 2025–2026 beim Margot ofgehalen.
De President Jean-Michel Wahl huet d'Versammlung mat enger Usprooch opgemaach an uschléissend en detailléierten Aktivitéitsbericht presentéiert. Den Tresorier Chris Reckel huet de finanzielle Bilan virgestallt. Och wann de Veräin dës Saison e klenge Defizit opweist, steet de SC Ell finanziell nach ëmmer op gesonde Féiss.
Duerno hunn de Paul Wilwerding, Damentrainer, an de Chris Reckel, Vertrieder vun de Seniors-Equippen, de sportleche Bilan gezunn. Dobäi gouf och d'Aarbecht vun der Jugendkommissioun vun der Jeunesse Atertdaul besonnesch gelueft. Et ass e flotte positive Schwong ze erkennen, an et gëtt eng ganz gutt Aarbecht geleescht.
No enger Schweigeminutt zu Éiere vun eise verstuerwene Memberen a Supportere goufe vill Mercien ausgeschwat. Fir hiren Asaz am Déngscht vum Veräin goufen ënner anerem Samiah Poiré, Elton Monteiro, Louis De Roeck a Rick Schlesser fir hir Aarbecht an de verschiddenen Trainerteams ervirgehuewen.
Och Luc, Ben, Nicola, Jade, Maia-Lys a Marta kruten e grousse Merci fir hir héich Trainingspräsenz.
En häerzleche Merci geet och un Annemie a Romain fir hiren Asaz an der Buvette, un Corinne an Alain fir d'Wäsche vun den Trikoten, souwéi un all Benevollen, Supporteren a Memberen, déi de Veräin bei Matcher, Eventer, an der Buvette oder als Linneriichter ënnerstëtzt hunn.
E grousse Merci geet och un d'Gemeng Ell an un all eis Sponsoren. Ouni si wier dat alles net méiglech.
Zum Ofschloss gouf nach eng Ännerung am Comité ugekënnegt: No méi wéi 15 Joer trëtt Mandy Antony aus dem Comité zeréck a gëtt duerch Denis Pick ersat. Mandy, e risege Merci fir däin aussergewéinlechen Asaz iwwer all déi Joren!
No der Generalversammlung ass et weider an d'Blockhaus op Kolpech gaangen, wou fir Iessen a Gedrénks gesuergt war. Zum Ofschloss gouf natierlech nach e bëssen gekickt an an enger gemittlecher Atmosphär ronderëm d'Lagerfeier zesumme pur Stonne verbruecht.
An de nächsten Deeg a Woche gi mir nach méi am Detail op d'Changementer an de verschiddenen Equippen an, notamment wat d'Trainerwiesselen an d'Transfere betrëfft.
Den éischte Rendez-vous, fir eis Seniors-Equippen erëm um Terrain ze gesinn, ass schonn op der Coupe de la Vallée de l'Attert zu Biekerech.
Merci un jiddereen, deen an der vergaangener Saison zum Liewe vum SC Ell bäigedroen huet. Mir freeën eis schonn op déi nei Saison!
Vive de SC Ell!
Fotograféiert vum RS
