News

Toutes les actualités

Mérite Elsy Jacobs 2024

Mëttwochs, de 6. November 2024 huet de Paul Wilwerding, eisen Dammentrainer a Sekretär vum Veräin, den nationale Präis "Mérite Elsy Jacobs" kritt. Et war déi 14. Editioun vun dësem flotte Präis deen an der Staat "Op der Schéiss" iwwerreecht ginn ass???? Gläichberechtegung vu Mann a Fra am Sport, sech Benevole engagéieren an d'Dammen an d'Hären op eng Stuf ze stellen hu mir zu Ell vun Ufank u gemaach, an genau dofir sti mir och. De Comité vun der "Mérite Elsy Jacobs" huet de Paul dofir verdingt als Laureat rausgesicht????
 

De Paul huet net nëmmen zu Ell den Dammefussball no fir bruecht, mee en huet sech och national fir den Dammen- a Meederchersfussball agesat. Den Erny Decker vun der FLF huet betount dass d'Lizenzen bei de Meedercher sech verdräifacht huet säit et Jugendkategorien ginn. Mir als SC ELL kënnen do immens houfreg sinn mat iwwer 200 Lizenzen am Beräich vum Dammefussball⚽ An all Kategorie am Meederchersberäich hu mir mindestens eng Ekipp ageschriwwen.
 
Eise Buergermeeschter den Henri Rasqué huet de Paul an enger witzeger Ried présentéiert an säi laange Palmarès un d'Leit bruecht.
 
 
Villmools merci Paul fir alles wat's du fir den SC ELL a fir den Dammefussball hei am Land gemaach hues, du hues dee Präis méi wéi verdingt. Säit 2005 spillt den Dammefussball zu Ell eng grouss Roll an ass aus dem Veräin net méi weg ze denken. Ee Comité deen zu 100% do derhannert steet an ee Veräin deen zesummenhält ennersträicht den Erfolleg iwwert déi lescht Joer am Veräin.
 
VIVE DEN SC ELL????