Calendar Modules

2. Tour Indoor Dames

INDOOR DAMES 2023/2024

Sonndes, de 14. Januar 2024 spillen eis Meedercher am 2. Tour vum Indoor Dames an der Grupp B um Bridel géint d'Ekippen Young Boys Diekirch, Ent. Region Moselle, FC Mamer 32 an Orania Vianden.

Déi éischt 2 Ekippen aus de Gruppen A, B an C qualifizéieren sech fir d'Finale déi de 27. oder den 28. Januar gespillt gëtt. Lass geet et um 14h00. Eis Meedercher spillen um 14h40 deen éischte Match an um 16h40 dee leschten Match.

Hei sinn d'Matcher an der Iwwersiicht:

14h40: FC Mamer 32 - SC ELL

15h20: Young Boys Diekirch - SC ELL

16h00: SC ELL - Ent. Région Moselle

16h40: SC ELL - Orania Vianden

De Programm mat alleguer de Matcher an de Gruppen fannt dir uewen als PDF.

Retour