Calendar Modules

1. Tour Indoor Jeunes Filles

INDOOR JEUNES FILLES 2023/2024

Sonndes, de 14. Januar 2024 spillen eis Meedercher am 1. Tour vum Indoor Jeunes Filles an der Grupp C zu Bissen géint d'Ekippen AS Wincrange, Atert Bissen, Ent. Hosingen/Norden, SC Bettembourg an UN Kaerjeng 97. Eis Meedercher ginn als Titelverteideger an des Campagne vum Indoor Jeunes Filles.

Déi éischt 4 Ekippen aus de Gruppen A, B an C an déi éischt 3 Ekippen aus der Grupp D qualifizéieren sech fir den 2. Tour deen de 27. oder 28. Januar gespillt gëtt. Lass geet et um 09h00. Eis Meedercher spillen um 09h15 deen éischte Match an um 12h30 dee leschte Match.

Hei sinn d'Matcher an der Iwwersiicht:

09h15: Ent. Hosingen/Norden - SC ELL

10h15: SC ELL - UN Kaerjeng 97

10h45: Atert Bissen - SC ELL

11h15: SC ELL - AS Wincrange

12h30: SC ELL - SC Bettembourg

De Programm mat alleguer de Matcher an de Gruppen fannt dir uewen als PDF.

Retour